Am Face-à-face um Radio hunn de CSV-Deputéierten an den LSAP-Deputéierten iwwer d'Landesplanung, Gemengefusiounen an Duebelmandater diskutéiert.

Béid Politiker, déi allen zwee Minister an deem Beräich waren, ware sech eens, datt d’Entwécklung vum Land ënnerschat gouf an dowéinst eng Partie wichteg Infrastrukturprojeten net mat Zäit ugestouss goufen. Landesplanung wier och ganz schwéier hei am Land duerchzekréien. Vill Instanze diskutéiere mat. Eng Hierarchie feelt. An et misst ee laangfristeg plangen, iwwer Legislaturen eraus.

AUDIO: Face-à-face Bodry-Wolter: Resumé vum Dany Rasqué

D'CSV proposéiert eng Territorialreform, mat just nach am beschte Fall 60 Gemengen. Bis 2029 soll dat stoen a per Referendum iwwert déi nei Landkaart ofgestëmmt ginn. D'LSAP ass wéineg begeeschtert vun där Iddi. Et dierfte keng Fusioune mat der Briechstaang gemaach ginn, seet den Alex Bodry. Dat wär net hir Absicht, kontert de Michel Wolter.

D'Duebelmandater – also Deputéierten a Buergermeeschter gläichzäiteg sinn – géif d'CSV mat der Territorialreform ofschafen. Fir den Alex Bodry sollt een déi Fro net zesumme mat de Gemengefusiounen diskutéieren. Hien ass awer och der Meenung, datt ee Vollzäitdeputéiert bräicht, déi sech kéinten op déi National- an op d'Europapolitik konzentréieren. Hie selwer hätt dee Schrëtt jo och gemaach an de Buergermeeschter-Posten zu Diddeleng opginn. Fir esou eng Ännerung géif et awer aktuell keng Verfassungsmajoritéit ginn. D'LSAP hält awer näischt vun enger neier Chamber „des élus locaux“, engem Senat vun de Buergermeeschteren.

AUDIO: Face-à-face: Michel Wolter vs Alex Bodry

De Face-à-face géint 15 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay vun der Emissioun ze fannen ass.