Ob Tram, Monorail, gratis ëffentlechen Transport oder N7: De François Bausch an de Gast Gibéryen ware sech am Face-à-face a ville Punkte guer net eens.

Et war eng ganz animéiert Diskussiounen tëscht den zwee Politiker iwwer d'Mobilitéit.

AUDIO: De Résumé vum Face-à-Face Bausch-Gibéryen

D'ADR fuerdert an hirem Walprogramm, datt den ëffentlechen Transport an Zukunft gratis ass, an ass der Meenung, datt dat d'Leit encouragéiert op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen. Am Walprogramm vun déi Gréng fënnt een dës Fuerderung net, de François Bausch betount, datt net de Präis ausschlaggebend ass, gratis wär et souwisou net, finanzéiert misst et jo gi mat Steiergelder, mä un der Qualitéit misst geschafft ginn.

Rieds goung och iwwert den Ausbau vum Tram, deen d’adr stoppe wëll. Den Tram géif nëmme Problemer bréngen. De séieren Tram tëscht Esch an der Stad oder awer Monorail, och do ware béid Politiker anerer Meenung. De François Bausch huet betount, datt d’Iddi vum Monorail eng fantasievoll wier an de Bau dovunner genee sou vill Plaz géing huele wéi den Tram. Donieft wier och de Käschtepunkt vun engem Monorail extrem héich.

AUDIO: Face-à-face: François Bausch vs Gast Gibéryen

Op d'Aussoe vum François Bausch a Saache Monorail huet och de Guy Rollinger vum Group Rollinger reagéiert - hien ass not amused a sengem Post op Facebook ...

De Face-à-face géint 10 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay vun der Emissioun ze fannen ass.