An eisem Face-à-face e Freideg de Moie goung et ëm den Dateschutz, respektiv de Fichier Central.

Resumé vum Face-à-face: De Reportage vum François Aulner

Wierklech kontrovers hu se net matenee diskutéiert. De Policeminister François Bausch an den Deputéierten vun der CSV Laurent Mosar. Allerdéngs wëll déi gréissten Oppositiounspartei méi präzis Informatioune kréien. Beim Fichier central zum Beispill hunn de Moment eng 2.000 Leit Accès op dee Fichier. Dat géif net goen, déi Zuel misst erofgesat ginn, esou de Laurent Mosar, an d’Konditiounen an d’Modalitéite misste méi präziséiert ginn. Do géif et een ze grousse Flou ginn. 62 Fichiere ginn et jo. Do wier den Accès op déi ganz ënnerschiddlech. D’Accèse kéint en iwwert d’Règlement grand-Ducaux bestëmmen. De Minister François Bausch gëtt Beispiller, vu wéi engen anere Fichieren een do géif schwätzen.

De François Bausch

An den 61 Fichieren wier zum Beispill dee vun der Personalgestioun dran. Oder et ass ee Fichier dran iwwert d’Parkprotokoller. Do misst ee kucken, wéi laang déi do dra bleiwen. Wann e bezuelt ass, soll en erausgeholl ginn. D’Police kéint net fir all Fichier, dee si uleet, ee Gesetz maachen, da kéint d’Police net méi schaffen, esou de Policeminister François Bausch. Fir en neit Gesetz wëll ee sech un der Belsch inspiréieren.

Op d’Virstellungsgespréich vun engem Bierger, dat déi ganz Affär lancéiert hat, well de Concernéierte mat senger Situatioun un d’Ëffentlechkeet goung, dorobber wollte weder de Minister, nach den Deputéierten agoen.

Wat elo d’Avise vun der CNPD an der IGP, der Inspection génerale de la Police ugeet, sot de Minister François Bausch, datt den Avis vun der IGP elo Ufank Dezember dem Public soll presentéiert ginn. Dee vun der Dateschutzkommissioun läit jo schonn zanter September vir. Dee vun der IGP géif awer vill méi an d’Detail goen, wéi dee vun der CNPD; well hei och géif explizéiert ginn, wéi d’Police mat den Fichieren an dem Dateschutz géifen ëmgoen.

D’Police huet Fichieren, déi si brauch fir Enquêten ze maachen. Zum Beispill brauch se ee Fichier iwwert d’Drogekriminalitéit, ënnersträicht de François Bausch. Mä nëmme well mir et bräichten, géif dat net bedeiten et kéint een et maachen wéi een et wéilt.

D’Grondrechter: Fräiheet, dozou gehéiert den Dateschutz, esou de Laurent Mosar, op der anerer Säit hu mir d’Recht op Sécherheet. An dofir misst een ee gesonde Mëttelwee fannen. Ee Feeler dierft een awer net maachen: D’Sécherheet iwwert alles ze setzen, esou den CSV-Deputéierten, deen am Kader vum Visupol den Etienne Schneider, fréiere Policeminister kritiséiert huet. Dee wier iwwert d’Problemer vum Dateschutz einfach ewech gaangen. D’CSV wier der Meenung, Kameraen dohin z’installéieren, wou et Sënn géif maachen.

Fichieren iwwert Mineuren: Hei hätt een eng Verantwortung géintiwwer de Mannerjäregen. Do misst ee sech Reegele ginn, wat wéi laang gehale gëtt, esou de Laurent Mosar.

De Face-à-face: Laurent Mosar - François Bausch

De Face-à-face géint 10 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay vun der