En Dënschdeg de Moie souze sech den Aarbechtsminister an de President vun der Handwierkerfederatioun géigeniwwer.

Face-à-Face: Dan Kersch a Michel Reckinger

“Mir brauchen d'Independantë fir eis Economie”. Dat huet den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch en Dënschdeg de Moien deklaréiert am RTL-Face-à-Face tëscht him an dem President vun der Handwierkerfederatioun Michel Reckinger.

Nodeems et vill Kritik wéinst sengen Aussoen iwwert d’Independanten op Facebook gouf, huet den Dan Kersch also elo nach emol betount, hie wier net géint si. Allerdéngs bleift hien der Meenung, datt een awer misst differenzéieren an deenen am meeschten hëllefen, déi am mannsten hunn oder am meeschten ënnert der Kris leiden.

De Michel Reckinger huet sengersäits awer d’Aussoe vum Minister op Facebook als „respektlos an direkt Attack“ an als "geféierlech Verallgemengerung" bezeechent.

Déi meescht Independanten – 18.000 – géinge knapps iwwer 4.000 Euro Brutto de Mount verdéngen. Dem Michel Reckinger no misst den Independant och 80% vun der Moyenne vu sengem Revenu aus de leschten 12 Méint kréien.

De Staat hätt d'Betriber zougemaach, also misst en och d'Käschte fir all d'Paien iwwerhuelen, och déi vum Independant. Den Aarbechtsminister sot awer de Chômage Partiel wier net dat richtegt Instrument, well dann d‘Independanten hire Statut missten opginn. Si kréichen jo awer och gehollef an – wéi et schonn annoncéiert war – et géing nach nogebessert ginn.