En Dënschdeg de Moie souze sech de Mëttelstandsminister an de President vun der UEL géigeniwwer.

Mir sinn haut an enger neier Etapp vun der Kris. Do ware sech den Nicolas Buck vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen an de Mëttelstandsminister Lex Delles eens. Si waren um Dënschdeg de Mueren ons Invitéen am Face-à-Face.

Face-à-Face Lex Delles vs Nicolas Buck
En Dënschdeg de Moie souze sech de Mëttelstandsminister an de President vun der UEL géigeniwwer.

Elo bräicht een awer méi selektiv Hëllefen. Elo géif sech nämlech weisen, wien nach a wéi eng Ënnerstëtzung brauch, sou den Nicolas Buck vun der UEL.

Handwierk, Horesca a Commerce - dat wieren déi Secteuren, déi den Ament am meeschte betraff wieren. Dës bräichten elo Planungssécherheet. Se wéisste weder, wéini se nees kéinten opmaachen, nach kréiche se eng cibléiert Hëllef. Zum Beispill bei de charges patronales a beim Loyer. Dernieft misst de Chômage partiel och no der Kris kënne weidergefouert ginn. A wann déi Betriber net besser gehollef kréien, da misste se op d'mannst eng Faillite kënnen deklaréieren, well e Sozialplang géif ze deier ginn.  Dat seet den UEL-President Nicolas Buck.

D'Evolutioun vun der Kris wier effektiv un d'Hëllefe fir d'Ekonomie gebonnen, confirméiert de Mëttelstandsminister. De Lex Delles huet nach eng Kéier op d'Hëllefen higewisen, déi et scho gouf. Dës wieren och schonn ugepasst ginn.
De Lead hätt ëmmer de Gesondheetsministère.

Natierlech wier et ugangs e Feierläsche mat der Strenz gewiescht. Elo misst effektiv méi cibléiert gehollef ginn, awer am Kader vun engem Gesamtpak, deen harmonesch wier.

De Minister Delles huet drop verwisen , datt een och misst laangfristeg kucken. Et gi jo Secteuren, déi méi laang concernéiert sinn, sou de Mëttelstandsminister Delles.

E konkreten Datum, wéini dee nächste Hëllefspak fir d'Betriber presentéiert gëtt, huet de Minister net genannt.

Face-à-Face: Lex Delles an Nicolas Buck

Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.