Dee gouf an d'Liewe geruff vun der ''Writing Instrument Manufacturers Association''. Si hunn dësen Dag op de Gebuertsdag vum John Hancock geluecht, dëst war den 3. amerikanesche President an deen hat och d'Onofhängegkeetserklärung mat ënnerschriwwen. Säin Numm gouf an den USA zum Synonym fir d'Ënnerschrëft, well si hat ganzer 13 Zentimeter um Pabeier ageholl

23/01/2021 Den Dag fir mat der Hand ze schreiwen

Vu ganz kleng un ass ee mat der Drockschrëft konfrontéiert. Haut an der Schoul gesinn d'Kanner déi fir d'éischt an da geet et eriwwer an d'Schreifschrëft an dat geléngt deem enge besser wéi deem aneren.
Et gouf se schonns ëmmer dës Schrëft, ma réischt zanter dem 13. Jorhonnert konnt se sech duerch Universitéiten oder och duerch de Commerce nees méi verbreeden. Natierlech hat och all Kultur seng eege Schreifschrëft, mol mat méi oder manner Gekréngels.

Ma am Zäitalter vu Computer, Tablett a Smartphone huet d'geschriwwe Schrëft et net einfach am Beruffleche wéi och am Privaten sech weider ze behaapten. Et ass och recommandéiert wann een eppes un Administratioune oder soss Offizielles schreiwe wëll, op Computergeschriwwenes zréck ze gräifen. A Finnland gëtt zanter e puer Joer an de Schoulen just nach Drockschrëft, also wéi een se um Computer gesäit, geléiert, et wier jo och schliisslech déi, déi een op der Tastatur géif fannen.
Nenne kann ee bei der Handschrëft och nach d'Graphologie mat där een de Charakter oder soss Perséinleches unhand vun der Schrëft erkenne well.
Wien immens schéi schreiwe wëll, deen ass an der Calligraphie gutt opgehuewen, bei der Konscht vum Schéischreiwen.
Eng selwer mat der Hand geschriwwe Kaart, ob elo gedréckt oder an der Schreifschrëft geschriwwen, sou vill Zäit, an dëser dach stresseger Zäit, sollt sinn!