De John Roger Stephens, besser bekannt als John Legend, kritt haut 43 Joer. Et ass ee vun de bekanntste Museker aus eiser Zäit.

28/12/2021 Op Den Dag

Scho ganz fréi, huet den John Legend sech fir d'Musek konnte begeeschteren. Mat 4 Joer huet en ugefaangen am Gospel-Chouer vu senger Gemeng Springfield ze sangen a mat knapps 7 Joer konnt de klengen John scho Piano spillen. Op der Uni, en huet Englesch studéiert, huet en sech e klengt Täschegeld als Direkter vum Jazz a Pop a capella Grupp Counterparts dobäiverdéngt. Doduerch huet en och éischt Kontakter am Business konnte knäppen an hat och seng éischt Optrëtter.

Am Joer 2001 krut den John Legend de Kanye West virgestallt, de bis haut nach zu sengen enkste Kolleegen zielt. Dem Produzent, deen zu dëser Zäit ugefaangen huet ëmmer méi bekannt ze ginn, huet hien seng éischt grouss Rollen am Museksgeschäft ze verdanken. Am Lidd Encore vum Jay-Z huet de Museker Piano gespillt & am Alicia Keys sengem You don't know my Name ass dem John Legend seng Stëmm ze héieren

2004 krut den John Legend säi Vertrag beim Kanye West sengem Label GOOD MUSIC. Schonn säin éischten Album Get Lifted ass zu engem internationale Succès ginn an et war den Ufank vun enger grousser Karriär. En 2. an en 3. Album hunn net laang op sech waarde gelooss an och Zesummenaarbecht mat aneren international geféierte Kënschtler hunn den John Legend ëmmer méi berüümt gemaach. Säin bekanntste Lidd "ALL OF ME" ass am Joer 2013 erauskomm an zielt nach haut zu enger vun den bescht verkaafte Singlen iwwerhaapt. Geschriwwen huet hie Lidd fir seng Fra Chrissy Teigen, mat där en am selwechte Joer bestuet ginn ass.

Duerch seng iwwerzeegend Leeschtung am Museksgeschäft krut en net nëmme Grammyen, mee och en Emmy an een Tony Award. Dee wichtegste Präis ass him awer am Joer 2015 iwwerreecht ginn. Fir säi Lidd Glory aus dem Film Selma krut en den Oscar fir de beschte Filmsong. An ass domat déi 13t Persoun déi jee dës 4 Präisser konnt gewannen.