Mam Start an dat neit Joer, steet de Compteur vun den Congésdeeg nees op 0. Wësst dir dann schonn, wou dir 2019 an Vakanz wëllt goen? D'Fabienne huet e puer Trend-Destinatiounen erausgesicht.

07/01/2019 Top Destinatiounen 2019 Part 1

Kaikoura
Ugefang mat enger Destinatioun, déi net grad em den Eck leit an nëmmen 2000 Awunner zielt. Kaikoura huet et op Nummer 1 vun den Trend-Destinatiounen 2019 bei AirBnB gepackt. Am Verglach, et sinn 295% méi Wunnengen oder Haiser iwwer AirBnb gebucht ginn wéi nach zejoert.  "Kaikoura" befënnt sech op der Pazifikküst vun Neiséiland an leit hannert der Gebiergsketten "Seawaard Kaikoura Range". An wéi de Numm et schonn seet, kritt een hei op all Eck exzellent Delikatessen aus dem Mier z'iessen. "Kai" heescht neemlech op Maori, enger vun den zwou Amtssproochen an Neiséiland, iessen an "koura" heescht Kriibs.

Beléift ginn ass Kaikoura och oder grad eben, well een hei dat ganzt Joer iwwer déi verschiddensten Mieresbewunner gesinn kann. Sou ginn et eng sëlleche Bootsausflich fir Walen kucken ze goen, do kënnen engem iwwer Delfinen an Pottwalen, déi ganzt Joer ze gesinn sinn, iwwert de Wee schwammen. Vun Juni bis Julie ass dann Saison vun den Orkas an vun Dezember bis Mäerz, déi vun de Buckelwalen An wien léiwer méi kleng Déieren huet, deen kann eng Stonn ausserhalb vun Kaikoura, zu Point Kean, mat Robben schwammen goen. Déi wunnen do frei an der Natur an dierfen och net gefiddert oder geheemelt ginn.

Lyon

Zréck an Europa. Wien Loscht op en City-Trip huet, deen soll emol südlech vun Paräis op der Landkaart kucken. Nieft der "Autoroute de Soleil" leit Lyon an dës Stad ass fir Joer 2019 zur "Europäescher Haaptstad vum intelligenten Tourismus" gekréint ginn. Fir d'alleréischt Kéier gouf dës Auszeechnung vun der Europäescher Unioun verginn an baséiert sech op Kombinatioun vun intelligenten Tourismus-Strategien, wéi Innovatioun, Nohaltegkeet an Efficacitéit.

Net nëmmen ass Lyon weltberühmt als Haaptstad vun de Stärekäch Paul Bocuse an Alain Chapel. Ma och kommen Kultur-Fans op hir Käschten. D'Alstad vun Lyon ass eng vun den 1092 Unesco-Weltierwen an et ginn eng sëllechen Muséeën, wéi de Musée des Beaux-Arts, de Musée des Confluences oder de Musée de l'Art contemporain. Fir der nëmmen e puer opzezielen.

An och geografesch leit Lyon gutt. Sou ass een no bei den Alpen an beim Mëttelmier an wien dann och nach d'Mall vum Auto mat këschteweis mat Wäin well voll paken, deen kann an den Nopeschregiounen "Beaujolais" oder den "Côtes du Rhône" maachen.

Estrada Nacional
An wien éischter drop aus ass spontan an den Auto ze klammen an dohinner ze fueren, wou de Wand en grad dréit, dee kann dat am beschten an Portugal maachen. Vun Norden bis Süden, ganzer 738 Kilometer, erstreckt sech Estrada Nacional N2 an se soll Experten no "Route 66" aus Europa sinn. Sou schreift eng Aart amerikanesch Versioun vum Baedeker, "Frommer's".

Lass geet et un der spuenescher Grenz bei "Chaves". Dës Stad gouf gegrënnt vun de Réimer an ass zanter 2000 Joer bekannt als Kur-Uertschaft. Vun do aus fiert een duerch kleng pittoresk Dierfercher an de bierg erop an nees erof duerch Landschaften, déi nach onberéiert vum Tourismus sinn, sou wéi déi ural Stad "Evora" bis een dann schlussendlech ënnen am Süden an der Hafenstad "Faro" ukënnt, wou déi bekannte Plage "Praia de Faro" op een waard.