D'Joer ass nach jonk an trotzdeem kann ee sech dach mol Gedanke maache wéi d'Summervakanz 2019 ausgesäit. De Fall gesat et huet eng Aventure wéi Wanderen an der Nues, muss ee sech och deementspriechend preparéieren.

14/01/2019 Wanderen: Wat brauch ee wierklech?

An net nëmme mental mä och materiell. Well Wandere mécht een net einfach sou mol mat der kuerzer Box, Turnschlappen an dem Rucksak vun engem vun de Kanner. Nee do soll ee schonn e bëssen Zäit, an och Suen, investéieren. Hei e puer Saachen op déi een oppasse sollt:

1. D'Schong; wann deen dréckt, mécht d'Wandere kee Spaass. Mëttelhéich ass d'Zauberwuert; dann ass de Fouss gutt gehale souguer wann een eng Kéier ëmknéckt. Eng gutt Suel mat engem déiwe Profil suergt fir Halt op glate Weeër, Fielsen a Wuerzelen.

2. De Rucksak; 25 bis 30 Liter grouss sollt dee si wann een eng Wanderung vun engem Dag ugeet. Wichteg beim Kaf, um Réck soll de Rucksak ootmungsaktiv sinn a sech gutt der Kierperform upassen. Wat dra kënnt ass äre Béier.

3. D'Reenjackett: hei ass et eng Saach vu Budget. Där Jackette ginn et iwwerall fir all Portmonni. Ganz wichteg; et soll kee Waasser duerch d'Néit lafen. Wien dacks wandere geet, sollt e bësse méi déif an d'Täsch gräifen. Wat d'Jackett méi laang hält wat se am Endeffekt méi gënschteg ass.

4. D'Box; wahrscheinlech dat Kleedungsstéck wat am mannsten Opmierksamkeet kritt wann et ëm wandere geet. Trotzdeem sollt ee sech sou eppes zouleeën, en plus nach eng Box géint de Reen déi een einfach iwwert déi aner zitt, am beschte mat enger Tirett op der Säit datt ee se iwwert d'Schong undoe kann.

5. Kaarten: déi um Smartphone gi leider net duer, well wann dee kee Jus méi huet, steet een zimlech an der Pampa. Déi gutt al Kaart, am beschten 1:25.000, ass e Must fir de Wanderer.

6. Mutz an Händschen: gehéiert och de Rucksak, och am Summer, wann een an de Bierger ënnerwee ass. Wien am Schwarzwald wandert, muss dat net onbedéngt apaken, am Summer natierlech.

7. Bengelen: maache virun allem Sënn wann een op Plazen ënnerwee ass wou et vill, an natierlech och géi, biergop a biergof geet. Mat Bengele ginn d'Knéigelenker entlaascht a se si sënnvoll wann et gereent huet.