Joer fir Joer gëtt gekuckt wéi sécher d'Fluchgesellschafte sinn. De Büro fir Fluchsécherheet zu Hamburg Jacdec huet de Ranking fir 2018 elo deels publizéiert.

18/01/2019 Jacdec-Ranking: Wéi eng Fluchgesellschafte sinn am séchersten?

Déi komplett Lëscht kënnt eréischt Enn dës Mounts eraus. Loosse mir d'Kaz direkt aus dem Sak; hei sinn déi éischt 3 Plazen, op der 3 Norwegian Air Shuttle, op der 2 Scoot aus Singapur an op der 1. Finnair. Deenen hire Risikoindex läit bei 93,91 Prozent, dobäi muss een awer och betounen datt 100 Prozent nëmmen theoretesch méiglech sinn. Emirates, déi nach 2017 op der éischter Plaz vun dëser Lëscht stoungen, falen op déi 4. Plaz. Ganz hannen am Ranking fënnt ee Fluchgesellschaften aus Russland, Ethiopien an Indonesien.

Wat soen eis dës Zuelen dann nach?

Ma datt en Accident mat engem Fliger méi wahrscheinlech op enger kuerzer Streck ass, dat well de Fliger méi dacks mat verschiddene Wiedersituatioune konfrontéiert ass an och méi heefeg op e klenge Fluchhäfe landen a starte muss, wou Technik a Sécherheet net ëmmer garantéiert sinn.

Statistesch gesinn, läit d'Wahrscheinlechkeet bei engem Fligerongléck ëm d'Liewen ze kommen aktuell bei eent zu 7,9 Milliounen. Vergläicht een dat elo mat de 70er Joer, da kann een awer och mol soen datt d'Fléien haut eigentlech zimlech sécher ass; an de 70er louch d'Wahrscheinlechkeet duerch en Accident mat engem Fliger ze stierwen nach bei eent zu 264.000.Wëllt heeschen, haut ass Fléien 30 mol méi sécher wéi nach an de 70er.

D'lescht Joer sinn, weltwäit, 562 Mënschen bei Fligeronglécker ëm d'Liewe komm. Iwwregens; déi kriteschst Phase vun engem Fluch sinn iwwregens d'Landung an de Start an eng 100 prozenteg Sécherheet wäert et ni ginn. Trotzdeem zielt de Fliger zu de sécherste Verkéiersmëttel op der Welt; fir eng Iddi ze ginn, 2018 sinn eleng an Däitschland iwwer 3000 am Stroosseverkéier gestuerwen.