Dass ze vill Alkohol ongesond ass, musse mer kengem méi soen. Elo an der Faaschtenzäit ass et guer net esou domm de Béier an/oder de Wäin ganz op der Säit ze loossen, well de Kierper seet Merci. Schonns no enger Woch Abstinenz mierkt een dass et Ännerungen am Organismus ginn.

11/03/2019 Keen Alkohol: esou gutt ass dat fir de Kierper

Eis Konzentratioun geet an d'Luucht, mir schlofen méi déif, a sinn däitlech méi erholl. Dat läit virun allem drun dass d'Liewer entlaascht gëtt. Wann déi nämlech ze vill muss schaffen gi mer midd an hu net méi vill Energie. Ouni Alkohol baut d'Liewer och nach Fetter of an d'Wäerter normaliséieren sech vun Dag zu Dag. An dat scho no 8 Deeg Verzicht. No engem Mount fillt ee sech méi fit an e ganzt Joer ouni héichprozentegt Gedrénks ka kleng Wonner bewierken, well dann ass guer kee Gëft méi am Kierper.

D'Universitéit vu Sussex a Groussbritannien huet d'lescht Joer Leit befrot déi beim sougenannten 'Dry January' matgemaach hunn. Si hu bal alleguer och an de Méint dono manner Alkohol konsuméiert an uginn dass se sech méi gesond fillen, besser kënne schlofen an ofgeholl hunn. No engem Joer ouni Béier, Wäin a Cocktailer kann d'Liewer sech esouguer erhuelen wa se matgeholl war (natierlech esoulaang keng Krankheet virläit). An och de ganze Stoffwiessel verleeft vill besser, esouwuel wat d'Fett-Verbrennung ewéi och wat d'Verdauung ubelaangt.