Si ginn am Oktober Concerten a Kierchen an a Kapellen a sichen dofir Chouer-Sänger a -Sängerinnen. Maacht mat beim Casting a sidd dobäi!

19/03/2019 Serge Tonnar & Legotrip Kierchentournee

MASKéNADA organiséiert zesumme mam INEC a Legotrip eng Kierchentournee am Oktober.
Si siche Leit (virun allem Hären) déi wëlle mat am Chouer sangen.

Umellen sollt Der Iech bis den 19te Mäerz 2019 mat engem klenge musikaleschen CV op www.inecc.lu

Viraussetzungen:
•      Sange kënnen (an dat op Lëtzebuergesch)
•      Noute liesen (an/oder e ganz gutt Gehéier hunn)
•      Groussjäreg sinn
•      Disponibel sinn fir 12 Concerten am Oktober 2019

Hei kritt Dir weider Informatiounen: