Wat wier eng Telessendung ouni Titelmusek oder e grousst Sportsevenement ouni Lidd dat een domadder verbënnt? Fir den Télévie ass dat net anescht. Och deen soll een ouni vill mussen ze soen ganz einfach erëmerkennen. Eng kleng Melodie déi an d'Ouer geet a gläichermoossen direkt de Wee bei d'Häerz fënnt. De jonke Pianist a Komponist David Ianni huet deen enormem Challenge ugeholl an d'Weltpremière ass muer op Invitatioun am schéine Kader vun der Philharmonie. E klenge Virgeschmaach an d'Explikatiounen wéi en un dës Erausfuerderung erugaange ass mam Kënschtler.

16/03/2019 Presentatioun vum neien Télévie- Lidd