Wou waart der dann de Weekend iessen? Bei den Italiener? Bei de Chinees? Oder awer séier an de Fast Food Resto? Oder hutt der iech vläicht doheem eppes méi Gesondes gekacht? Abee wann der um "gesonden" Tripp sidd, da kënnt der mat rouegem Gewëssen nächste Kéier bei de Spuenier iesse goen, well anscheinend iessen déi am gesondsten. Dat koum elo bei enger Etüd eraus, Michèle?

18/03/2019 S'Spuenier iessen am gesondsten