En vue vun den Europawalen an engem Mount hu mir eng ganz Serie doriwwer. Haut beschäftege mir eis mat der Fro: Wat ass den Europäesche Wirtschaftsraum (EWR), wien ass Member, a firwat? De Bill Wirtz mat den Detailer

25/04/2019 Serie EU-Walen Bill Wirtz 2/12 (EWR)

Den Europäesche Wirtschaftsraum (EWR), op Englesch als European Economic Area (EEA) bekannt, ass een Accord deen obligatoresch ass fir EU Memberen, an deen d’EU un d’Länner déi den Handelsaccord EFTA ënnerschriwwen hunn, dorënner Island, Norwegen, Liechtenstein an d’Schwäiz, bënnt. D’Schwäiz ass een Ausnahmefall, well obwuel d’Regierung dem EWR bäitriede wollt, d’Wieler an engem Referendum 1992 Nee gesot hunn wouduern Bern elo reegelméisseg bilateral Accord’en mat Bréissel aushandele muss.

Fir Liechtenstein an déi zwee nordesch Länner heescht dat an der Praxis dass se Memberschaft bezuelen a sech un all Reegelen hale mussen déi de marché intérieur betreffen, dorënner och dass Kapital a Mënschen sech dierfe fräi beweegen, ouni dass déi Länner dierfen bei der Gesetzgebung matzeschwätzen. Par contre sinn déi Länner net un d’Agrarpolitik, oder d’Fëschereipolitik vun der Europäescher Unioun gebonnen.