Ëmmer méi Leit maache Sport, wëlle fit sinn a beweege sech méi. De Secteur ass stänneg am Gaange sech weider z'entwéckelen. D'lescht Woch war zu Köln d'Fibo, eng Foire op där Fitness grouss geschriwwe gëtt.

10/04/2019 Fibo: eng Foire ronderëm d'Thema Fitness

A wéi och schonn déi Jore virdrun, goufen op der Fibo nei Apparater, nei Techniken an nei Iddie ronderëm d'Thema Fitness virgestallt. Sollt dir nämlech op der Sich no enger flotter Ofwiesslung sinn oder dir huet ären Truc nach net sou richteg fonnt wann et drëms geet sech sportlech ze betätege, wier en Ausfluch op Köln net vu Muttwëll gewiescht.

Een Trend deen op der FIBO z'erkenne war; Jumping Fitness. Op engem Trampolin ronderëm hopsen ass zwar elo net wierklech richteg nei, mä Alpha Champ an Éisträich hu se mat hirem System Lateral Rebound Training dat ganzt op den nächste Level gehuewen. Net een, mä direkt 3 Trampoliner loossen de Sportler hin an hier sprangen, e System dee schonn am Äishockey-Training an den Asaz kënnt.

Wat genee mat der interaktiver Mauer LÜ trainéiert soll ginn, ass déi eng Saach. Datt et bestëmmt Spaass mécht mat engem Ball op eng Mauer ze schéissen op déi Saache projezéiert ginn, ganz gewëss eng aner. Zilgrupp fir LÜ sinn iwwregens 5 bis 15 Joer al Clienten.

Genee sou interaktiv, awer manner kannereg, ass dat wat déi spuenesch Firma Pavigym virgestallt huet. Mat Prama Push Play verwandelt sech de Buedem an e gudden ale Schoulhaff, an deem, virun allem d'Meedercher, Këschten op de Buedem gemoolt hunn an dann hin an hier gespronge sinn. Hei ass dat dann alles interaktiv an stécht net nëmme Spaass hannendru mä virun allem e computergesteierte Fitness-System.

Fit am Waasser kann een och ginn, elo mol ofgesi vum Schwammen. Firwat mol net eng Kéier Aqua Pole Dancing probéieren? Virdeel vun dëser Variant fir un der Staang ze danzen; souguer Ufänger kréien an der Schwemm Figuren hin déi u Land net nëmmen d'Profie packen.