Hutt dir Iech schonn eng kéier Gedanke gemaach iwwert déi sëllech Satellitten déi an der Ëmlafbunn vun eiser Äerd sinn, a virun allem déi, déi net méi funktionéieren? Wuel éischter net, mee genee dës Fro beschäftegt Weltraum Experten ëmmer méi. D'Julie Dupont zielt eis elo vun engem Mann, deen elo konkret well ufänken am Weltraum ze botzen.

11/04/2019 Fréijoersbotz am Weltraum (mat Sound)

Dass et Satellitten ginn an der Ëmlafbunn vun eiser Äerd si mer eis all bewosst. Ouni des Satellitten wären eng ganz Rei Saachen, un déi mer an eisem Alldag gewinnt sinn, guer net méiglech, wéi zum Beispill telefonéieren, Fernseh kucken, oder den Navi vum Auto oder Handy ze benotzen. Et ass also fir eis alleguer wichteg, dass des Satellitten net beschiedegt ginn. Genee do gëtt et awer een ëmmer méi konkrete Risiko: ronn 900 000 Stécker Weltraumschrott schwiewen deels knapps 2000 Kilometer iwwert eise Käpp ronderëm a beschiedegen oder zerstéieren Satellitten. Ganz laang gouf sech do driwwer net all ze vill de Kapp zerbrach.

Just de Japaner Nobu Okada huet schonn 2013 erkannt, dass an dem Punkt eppes muss gemaach ginn, an huet seng Firma "Astroscale" gegrënnt déi sech mam Problem fir de Weltraum ze botzen auserneen setzt. D'Firma entwéckelt "Botz-Satellitten", déi duerch eng magnéitesch Fläch de Schrott ronderëm unzéien an dann an d'Atmosphäre zéien wou en ka verbrennen. Dat kléngt einfach, verlaangt awer eng gewëssen Technik, déi et virdrun nach guer net gouf. Fir 2020 ass eng Demonstratioun ugesat, wou dës Technik mat engem Mini-Satellitt vun der Firma gewise gëtt. Wann dës Demonstratioun gutt verleeft, an d'Technik bis prett ass fir déi kommerziell Notzung, kann et da lassgoen mam Botzen do uewen. De Nobu Okada huet och eng ganz kloer Ausso op d'Fro wien des Botzaktiounen soll bezuelen: bei de Satellitten ass et verständlech, dass d'Entreprisen, deenen d'Satellitte gehéieren dofir opkomme mussen. Fir deen anere Schrott sinn haaptsächlech déi verschidden Länner, déi Rakéiten oder och Satellitten an de Weltraum schécke responsabel.

D'Urgence fir am Orbit vun der Äerd ze botzen gëtt dem Nobu Okada no och lues awer sécher erkannt, wat am Ufank absolut net de Fall war, well et fir dëse Sujet guer keen Interessi an och kee Marché gouf. Et war een iwwerzeegt, dass et tëscht 100 a 500 Millioune géif kaschten fir een eenzegen Objet ewech ze kréien. De Nobu Okada nennt do zwar keng konkret Zommen, mee verséchert awer, dass mat senger Technik dat ganzt "vill, vill manner" wäert kaschten. Interessi gëtt et och ëmmer méi fir an dëse Marché z'investéieren, wëll net nëmme Satellitten um Spill stinn mee virun allem vill Suen. D' Bank of America schätzt d'Valeur vun deem Marché op 2,7 Trilliounen.