Wéi en Impakt hunn Hausdéieren op d'Wuelbefanne vun hire Meeschteren? Der Fro ass den amerikanesche Sondage General Social Survey rezent nogaangen. Ween ass da lo méi glécklech: den Honds Meeschter oder de Kaze Mënsch?

Maache Muppe méi glécklech wéi Kazen?

Keng Fro, den Hond freet sech wéi keen anert Déier, wa säi Meeschter heem kënnt. Ob dat eppes mam Resultat vun der Enquête ze dinn huet, ass net kloer.

An d'Resultat ass däitlech: 36% vun de Muppe Meeschteren hunn an der Ëmfro uginn, ganz glécklech ze sinn. Dat sinn der duebel esou vill, wéi Kaze Besëtzer.

A souguer Leit ouni Hausdéier schénge méi glécklech, wéi déi mat Muuss. Vun hinnen hunn ëmmerhin 32% behaapt ganz happy ze sinn.

Maache Kazen da lo manner frou?

Dat kann een esou net behaapten. Korrelatioun bedeit net automatesch Causalitéit. Et ass éischter esou, dass Leit déi Muppen halen, oft aner Liewens Ëmstänn hu wéi Kaze Besëtzer. Den Donnée'n no, wiere se méi dacks bestuet a Besëtzer vun engem eegenen Haus. Facteuren, déi Gléck an Zefriddenheet beaflossen.

Dovunner ofgesinn, huet sech an der General Social Survey erausgestallt, dass d'Leit anescht mat engem Hond wéi mat enger Kaz interagéieren. Muppe-Leit siche méi dacks Trouscht bei hirem Déier, spille méi dacks mat him a consideréieren den Hond méi dacks als Member vun der Famill.

Datt Honds Meeschtere méi zefridde sinn, wéi Kaze Frënn war och schonn d'Konklusioun vun enger anerer amerikanescher Etude aus dem Joer 2016. D'Psychologen haten deemools op d'Perséinlechkeet zréck gefouert. Den Erkenntnisser no, wäre Kaze Leit méi neurotesch a méi introvertéiert, wéi Muppe Besëtzer.

Dernieft hat schonn eng Etude aus dem Joer 2013 erginn, dass Honds Leit méi aktiv sinn a sech méi dobaussen ophalen. Wat der Gesondheet gutt deet a glécklech mécht.

D'Hausdéier selwer kann also direkt näischt fir dem Besëtzer säi Gléck. Sécher ass awer - ob elo Hond oder Kaz - alle béid bereede se hire Meeschtere schéi Momenter an hëllefen och mol besser duerch schwéier Zäiten ze kommen.