E Liewen am Weltall? An de Science Fiction Filmer kee Problem! Mee wéi eng Konsequenzen huet e längeren Openthalt am All op eise Kierper? Dat huet d'Nasa unhand vun Zwillings Astronauten am Hibléck op zukünfteg Mars Missiounen analyséiert. An hunn ënner anerem eng verännert Gen-Aktivitéit a Changementer un de Këppercher vun de Chromosome festgestallt, Raphaëlle Dickes

Reportage: d'Suitte vum Openthalt am Weltall

Vu Mäerz 2015 bis Februar 2016 war de Scott Kelly 340 Deeg laang op der Internationaler Raumstatioun ISS. Säin eeneeëgen Zwillingsbrudder Mark - och Astronaut - ass während der Zäit heiheem um bloe Planet bliwwen. Eng perfekt Geleeënheet fir d'Fuerscher fir kierperlech Verännerungen ze detektéieren, déi op d'Liewenskonditiounen am Weltall zréckzeféiere sinn.

Eenzegaarteg ass d'Etude awer net just wéinst den eeneeëgen Zwillingen, mam dem selwechten Ierfgutt, mee och well de Scott Kelly ee vu just 8 Mënschen ass, déi méi wéi 300 Deeg am Kosmos verbruecht hunn.

Wat huet sech da lo an der Zäit an de Kierpere vun den Zwillinge geännert? Fir dat erauszefannen, goufen d'Zwillingen viru, während an no der Missioun ënnersicht. 80 Wëssenschaftler aus 12 verschiddenen Unien hunn d'Donnée'en analyséiert. 

Opgefall ass, dass dem Scott Kelly seng Gen-Aktivitéit am Weltall sech anescht entwéckelt huet, wéi bei sengem Brudder op der Äerd. Besonnesch betraff waren d'Genen déi mam Immunsystem ze dinn hunn. D'Verännerunge wäre vergläichbar mat deenen déi een ënner Stress observéiert, bei Leit déi zum Beispill Alpinismus maachen oder tauche ginn. Iwwer 90% vun dëser modifizéierter Gen-A ktivitéit hätt sech awer bannent 6 Méint no sengem Retour nees normaliséiert. Esou d'Observatiounen.

Woubäi den Opbau  vum Ierfgutt u sech, identesch bliwwe wär. 

Erstaunt waren d'Fuerscher wéi se festgestallt hunn, datt dem Scott Kelly seng Telomere während dem Openthalt am Weltraum gewuess sinn. Telomere si Këppercher op den Enner vun de Chromosomen, déi eng Schutz  Funktioun hunn. Stand der Wëssenschaft haut, hu Verännerunge vun der Längt vun den Telomere an der Regel mat Alterungsprozesser a Krankheeten ze dinn. Nom Astronaut sengem Retour op der Äerd hunn och dës Verännerunge sech am grousse ganzen nees agestallt. Woubäi vereenzelt Telomere vum Scott Kelly haut awer souguer méi kuerz sinn, wéi virdrun.

Des weideren huet d'A vum Amerikaneschen Zwilling sech während der Missioun verännert. En Nerv an der Netzhaut war méi déck ginn. An och seng geeschteg Leeschtungsfäegkeet huet a verschiddene Beräicher ofgeholl. Dës Verännerunge féieren d'Wëssenschaftler awer net just op den Openthalt am All zréck.

Notéiert hu se dernieft dass eng Impfung géint Grippe am Weltall d'selwecht wierkt, wéi bei eis um Planet. An dass d'Daarmflora vum Astronaut sech net méi staark verännert huet, wéi dat och hei op der Äerd bei Stress de Fall ass.

Dëst si just éischt Konklusiounen. D'Etude wier nach laang net ofgeschloss, esou d'Wëssenschaftler. Schonn eleng, well d'Strahlebelaaschtung op enger Mars Missioun méi héich ass, wéi op der ISS. Do misst een dann och vun anere Konsequenzen op d'Gesondheet ausgoen. Ier de Mënsch sech a Richtung Mars mécht, bleift also nach villes ze erfuerschen.