Roger & Me, Bowling for Columbine, Fahrenheit 9/11 an ënner anerem och Fahrenheit 11/9 si Wierker déi dem Michael Moore seng Ënnerschrëft droen.

23/04/2019 Happy Birthday Michael Moore

De Regisseur, Auteur an Oscargewënner kritt haut 65 Joer. Seng Dokumentarfilmer halen der Gesellschaft äiskal de Spigel virun d'Bëls. Roger & Me handelt zum Beispill vu senger Heemechtsstad Flint am US-Bundesstaat Michigan, wou General Motors hir Fabricken zougemaach huet, obwuel et wirtschaftlech gutt gelaf ass.

Wien erënnert sech net u Bowling for Columbine? An dësem Documentaire beliicht de Michael Moore d'Fro firwat an de States iwwerproportional vill Mënschen duerch Schosswaffen ëm d'Liewe kommen. Mat deem Film kënnt dann och déi international Unerkennung, zum Beispill gouf et 2002 de César fir de beschten auslännesche Film zu Cannes.

Den definitiven Duerchbroch als Regisseur huet de Michael Moore 2004 wéi seng Aarbecht Fahrenheit 9/11 erauskënnt. Hei geet et ëm déi politesch Entwécklung an Amerika no den Terrorattacke vum 11. September 2001, am Fokus d'Verbindungen tëscht de Famille Bush a Bin Laden.

Dréint een den Datum ëm huet dem Michael Moore säi rezente Film; Fahrenheit 11/9. Eng Uspillung op den 9. November 2016, deen Dag wéi jidderengem kloer ginn ass datt den Trump den nächsten amerikanesche President géing ginn.

De Mister Documentaire Michael Moore kritt haut 65 Joer.