Un all d'Allergiker: Packt schonn emol Är Nuesschnappecher aus!  War et déi läscht zwou Wochen nach richteg passabel mat de Pollen, wäert dat de Weekend komplett dréinen, well mam schéinen Wierder fléien d'Pollen och nees vill méi staark.

17/04/2019 Oppassen d'Pollen fléien nees

Zanter Ufank vum 20. Jorhonnert ass de Prozentsaz vun de Leit, déi un enger Pollenallergie leiden vun ënner 1%  op ronn 20% geklommen. Ma wat geschitt am Kierper wann de Pollen bis dobannen ass? Den Dr François Hentges erklärt déi komplizéierter Reaktioun.

Déi Antikierper, déi sëtzen op Zellen vum Kierper an da ginn Stoffer fräi gesat, wéi zum Beispill den Histhamine an nach vill aner Saachen an déi maachen, dass d'Bronchen sech zesummen zéien an dass Drüsen sekretéieren. Et muss een néitsen an et sëtzt sech Schläim an de Bronchen fest. Dobäi geet engem d'Nues zou an d'Aen gi rout a fänken u mat lafen.

Et kann och sinn dass een elo schnuddelt a nach guer net weess dass et eng Allergie op Pollen vun de Beem ass. Well déi Pollen, déi fléien wéinst den héijen Temperaturen schonn zanter Februar. Et ass nämlech esou dass déi Allergie net op eemol, Zack!, do ass, mä se entwéckelt sech mat der Zäit. De Spezialist schwätzt vu Perioden wou typesch Allergien sech weisen.

Normalerweis ass d'Allergie op Stëbsmilben, déi éischt, déi een als Kand kann entwéckelen. An der Schoul sëlwer kéint een als d'Kand dann den typeschen Heeschnapp op Graspollen entwéckelen an dat kéint zu Asthma féieren. An eréischt méi spéit entwéckelt een eng Allergie op Beempollen, wéi Bierken, Eechen a sou weider.

 
Et ginn och nach bestëmmt aner Facteuren.  No enger laangjäreger Etüd wier den CO2 mat dru schëlleg, dass d'Beem an d'Grieser méi Pollen produzéieren. En plus reizt d'Loftverschmotzung d'Bronchen zousätzlech an den Ofwiersystem geet éischter an d'Reaktioun vun Allergien.

Viru kuerzem sot och en Allergologe vun Zürich, dass een, deen an der Stad lieft, méi ënnert de Pollen leiden kann, wéi een deen um Land lieft. Dat well d'Beem an der Stad duerch ze mann Waasser an ze vill Ofgasen gestresst sinn an sou méi Eewäiss an de Pollen produzéieren, déi déi allergesch Reaktiounen ervir ruffen.

Wann ee ganz schlëmm betraff ass, da kann een och eng Immuno-Therapie probéieren, frot dofir Ären Dokter. An wien wëssen well, wat grad am stäerksten flitt, dee fënnt d'Resultater op