Dir sidd e Fan vun der Arthus-So oder gitt einfach gären trëppelen? De Jeff Dondelinger wëll iech mathuelen op eng phantastesch Rees an e verwonschene Bësch.

17/04/2019 Vakanz op der Spur vum Kinnek Arthus

D'Legend ëm de Kinnek Arthus kënnt net wéi vill Leit mengen aus Groussbritannien, mee huet e kelteschen Ursprong. Sou géifen och vill Leit de Bësch aus der Arthusso ouni Erfolleg op der britescher Insel sichen. Fannen deet een de Bësch, mam Zauberfeeling, awer an der Bretagne. Hei kann een duerch den Dall ouni Heemkommen spadséieren, wou d'Fee Morgana laut dem Epos hir ontrei Léifschaften fir d'Éiwegkeet verbannt huet.

Westlech vu Rennes fënnt een dës mythesch Plaz mam Numm Forêt de Brocéliande. Fréier huet de Bësch e groussen Deel vun der bretonescher Hallefinsel bedeckt. Haut sinn et just nach 7000 Hektar. Trotzdem ass et derwäert laanscht kucken ze goen. Am Navi kann ee ganz einfach "Paimpont" aginn fir déi mysteriéis Plaz ze fannen. Fueren deet een duerch eng hiwweleg Landschaft mat ville Felder, klenge Bëscher an idylleschen Dierfer. Op enger Kopp erbléckt een dann d'Forêt de Brocéliande.

Starten deet een seng Tour am beschten an der Porte des Secrets, engem Niewegebai vun enger aler Abtei. Do kann een sech vun engem Guide an de Mythos rondrëm de Kinnek Arthus aféiere loossen, éier een an de Bësch op Wandertour geet. Verstoppt an de Beem läit och de Séi vu Comper. No zwou Stonnen trëppelen areecht een d'Waasser. Hei fënnt een och d'Schlass vu Comper dat de Séi bewaacht, deen Zougang an eng aner Welt soll sinn. De Ritter Lanzelot soll hei an engem Ënnerwaasserschlass opgewuess sinn. Et ass och dëse Séi aus deem d'Madame vum Séi dem Kinnek Arthus dat legendärt Schwert Excalibur iwwerreecht. Dem Zauberer Merlin säi Graf soll och hei beim Waasser leien.

Nom Trëppeltour stäerkt een sech am beschten am klengen Duerf Tréhorenteuc um Maart. Hei fënnt een eng ganz Rei vun exzentresche Gestalten, di zum Deel vu wäit ugereest sinn. Eng Attraktioun ass di kleng Duerfkierch, l'Eglise du Gral. Kënschtleresch gëtt hei d'Arthusso mam chrëschtlech Glawe vermëscht. E Bild vum Kräizwee weist d'Morgana liicht bekleed nieft dem Jesus a Glasfënsteren erziele vum Hellege Graal.

Weem dat nach net genuch ass, dee kann och nach de Buer besichen, deem säi Waasser engem éiweg Jugend soll schenken. Gleewe muss een di Geschichte jo net, mee et gëtt genuch ze entdecken an der Forêt de Brocéliande.