Haut virun 180 Joer gouf den Traité vu London ënnerschriwwen. Firwat dëst Dokument esou wichteg fir Lëtzebuerg ass, erzielt eis de Jeff Dondelinger.

19/04/2019 Lëtzebuerg gëtt en onofhängegt Land

Um Wiener Kongress gouf 1815 decidéiert, datt Lëtzebuerg en eegene Staat soll ginn, dee vun Holland getrennt existéiere sollt. Den hollännesche Kinnek Wëllem den Éischten huet allerdéngs weider keen Ënnerscheed tëschent béide Staate gemaach. Hien huet einfach wieder regéiert wéi gewinnt, a Lëtzebuerg war fir Hie just déi 18. Provënz vu sengem Kinnekräich.

Weider war dat Hollännesch Grondgesetz gëlteg a Lëtzebuerg, Lëtzebuerger Politiker souzen an hollänneschen Institutiounen an, an de Schoule gouf Hollännesch geléiert.
D'Lëtzebuerger Vollek huet sech zwar net selwer géint déi de facto Besatzung revoltéiert, mee déi hollännesch Steierpolitik an Economie sinn sou Munchem sauer erop gestouss.

1830 brécht déi Belsch Revolutioun aus an den 4. Oktober erklärt sech d'Belge onofhängeg vun Holland. Lëtzebuerg stellt sech direkt op d'Säit vun de belschen Opstännegen an eng Partie Landsleit sinn op Bréissel gaang an hunn sech der Patriotenarméi ugeschloss. An der Versammlung, déi der Belge eng eege Constitutioun ginn huet, ware Lëtzebuerger präsent esou wéi an Organer vum frëschgebakene belsche Staat.

D'Stad Lëtzebuerg ass awer während där ganzer Zäit ënner hollännescher Kontroll bliwwen. D'Groussmuechte wollten d'Revolutioun sou schnell ewéi méiglech ënner Kontroll bréngen an hunn d'Belge vun Holland getrennt a Lëtzebuerg ënnert deenen zwee opgedeelt. Dat belscht Parlament huet dëser Entscheedung zougestëmmt, de Wëllem den Éischte war awer net d'Accord mat dëser Decisioun. D'Stad huet weider zu Holland gehéiert an der Rescht vum Land zu der Belge.

Schlussendlech stëmmt den hollännesche Kinnek de Groussmuechten zou an de 19 Abrëll 1839 gouf dëst am Traité vu London festgehalen. De Vertrag gouf vun Frankräich, Éisträich, dem Vereenegte Kinnekräich, Preussen, Russland an Holland ënnerschriwwen. Vun do un gouf et zwee Lëtzebuergen, de Grand-Duché an d'Provënz Lëtzebuerg an der Belge. D'Grenze vum Groussherzogtum si säit deem net méi geännert ginn.