Dass Ouschteren e kierchlechen Hannergrond huet, misste mer all wëssen. An der Kierch ass et esouguer dat wichtegst Fest vum Joer. Well op Ouschteren gëtt d'Operstehung vu Christi gefeiert. D'Virbereedung fänkt am Fong schonn op Äschermëttwoch un.

18/04/2019 Wou kënnt Ouschteren iwwerhaapt hier?

Vun do un bis Ouschteren sinn et 40 Deeg.

Haut ass Gréngendonneschdeg, den Dag op deem de Jesus mat senge Jünger dat lescht Abendmahl gefeiert huet. 'Gréng' deit net op d'Faarf hin, mä soll aus dem Al-Däitschen kommen. 'Grunen' heescht esou vill ewéi 'Kräischen'. Aner Quellen beruffen sech op de kierchleche Sproochgebrauch aus dem 14te bis 16. Joerhonnert: do huet 'gréng' de Sënn vu 'frësch', also ouni Sënnen. Virun allem an Éisträich gëtt och haut kee Fleesch giess, bei eis ass dat éischter op Karfreideg de Fall.

Wann ee vu Karfreideg schwätzt, muss een am Fong ufänke mat Pällemsonndeg. Mat deem Dag fänkt d'Karwoch, och nach Passiouns-Woch, un, et ass an engems de leschten Dag vun der Faaschtenzäit. Dës Woch ass déi an deeër alles geschitt wat fir d'Chrëschten relevant ass. Da kënnt de Karsamschdeg, den Dag wou de Jesus am Graf läit, och nach 'Grabesruhe' genannt. Den Zäitpunkt op deem Christus an d'Räich vun den Doudegen erofgaangen ass. Dono kënnt d'Ouschternuecht, dee wichtegste Moment am Kierchejoer.

Gréngendonneschdeg war am Mëttelalter den Dag op deem d'Baueren hir Hären hu misste bezuelen, dat gouf dacks och a Form vu Liewesmëttele gemaach, zum Beispill mat Huesen an Eeër. An och scho e puer honnert Joer virdrun sollen den Hues an d'Eeër zesumme gehéiert hunn:  Ee vun de Gebridder Grimm hat behaapt, déi al Germanen hätten der Göttin Ostara am Fréijoer Huesen an faarweg Eeër geaffert. Den Hues war awer och d'Symbol un der Säit vun der Aphrodite, der Göttin vun der Léift. Am fréien Chrëschtentum war en de Begleeder an den Himmel an an der Byzanthinescher Konscht soll en e Symbol fir de Jesus gewiescht sinn. Am éischte Joerhonnert no Christus koumen d'Ouschtereeër, deemools nach ganz rout- als Referenz op de operstanene Jesus an d'Blutt dat e vergoss huet. Déi faarweg Eeër sinn eréischt vum 12te Joerhonnert un opkomm, a no an no och Dekoratiounen drop.

An hei nach e puer Beispiller fir Ouschtere-Braich an anere Länner: A Polen netze se sech op Ouschterméindeg mat Waasser, d'Dammen kréien och gären emol e ganzen Eemer Waasser iwwer de Kapp. An Ungarn kënnt och Parfum an den Asaz an op de Philippinen hiewen d'Elteren hir Kanner mam Kapp op wann d'Ouschterglacke lauden. Dovunner, heescht et, géifen d'Kanner méi grouss ginn.