Plastik ass de schwaarze Péiter aus dem 21. Joerhonnert. An et stëmmt jo och - Plastik schwëmmt an eise Mierer ronderëm, mëscht se knaschteg an mëscht Deieren an eis krank. Dofir ginn ëmmer weider Mesuren geholl fir den Offall vu Plastik sou gutt wéi méiglech ze reduzéieren. Recycléieren sou vill et geet oder besser nach op Alternativen ëmklammen - bréngt dat iwwerhaapt eppes an wéi gesäit et bei de Lëtzebuerger mam Verbrauch vu Plastik aus, Fabienne Zwally?

Zanter 1950 ass d'Produktioun vu Plastik weltwäit vun 1,7 Milliounen Tonnen op 348 Milliounen Tonnen pro Joer erop gaangen. An op europäeschem Plang ass Lëtzebuerg ganz vir mat derbäi. Lëtzebuerg ass op Nummer 2 vun deenen Länner an Europa, déi am meeschten Plastik Offall pro Kapp produzéieren. Dat mat ganzer 51,9 kg pro Kapp. Den europäeschen Duerchschnëtt leit nom Eurostat bei 31,1 kg pro Kapp. Lëtzebuerg ass kee Land, wat de Problem mam Plastik ignoréiert, seet den Tim Mirgain vun der Ëmweltverwaltung. Do géing nach en aneren Facteur matspillen.

Dobäi kënnt och, dass ongeféier 10% vum Total de Plastik Offall vun den iwwer 200.000 Frontalieren ausmécht, schätzt Ëmweltverwaltung. Se verbréngen een groussen Deel vun hirer Zäit hei am Land an produzéieren doduercher och Offall. Kuckt ee sech en plus an de Supermarchéen ëm - iwwerall blénkt den "To Go". Dorunner ass un sech näischt falsches. Ma leider heescht "To GO" och all kéiers eng zousätzlech Verpackung. Ee Problem, deen sech och Ëmweltverwaltung un hellt an sëlleche Mesuren geholl huet, seet Stéphanie Goergen. An Zuelen ginn hinnen Recht.

Gemaach gëtt genuch. Elo ass et un de Bierger. Mee Fro, déi ee sech awer stellt ass déi, wou de Plastik, deen mir recycléieren, dann iwwerhaapt hikënnt.  An Däitschland ass den Ament en Skandal am Ëmlaf. Et gëtt villen Entreprisen, déi de Plastik Offall sammelen,an dësen weider an Ausland verkafen, wou de Plastik, dann deelweis an de Mieren entsuergt gëtt. Dat jo genee de Géigendeel vun deem ass, wat Leit bei sech doheem mam Recyclage wëllen bewierken.
Wat vill Leit hei am Land awer net wëssen, ass, dass zwar vill Plastik an Ausland geschéckt gëtt fir recycléiert ze ginn, ma en Groussdeel dovunner kënnt awer nees zeréck, sou Stéphanie Goergen vun der Ëmweltverwaltung:

Plastik wier awer net op alle Plaze ze ersetzen, well et ginn Secteuren, déi vum Plastik ofhängeg sinn.



Et geet drëms Alternativen ze fannen, wéi zum Beispill Glas. Sou kéint een och Waasser aus dem Krunn drénken an net méi op Waasser an Plastiksfläschen zeréck ze gräifen.