En Allheelmëttel géint de Kriibs, dat de Patient bannent 4 Méint nees komplett gesond maache soll, quasi ouni Niewewierkungen. An engem Joer soll dat Realitéit sinn. Behaapt op d'mannst mol en israelesche Laboratoire, deen am gaangen ass d'Therapie ze entwéckelen. Eng Nouvelle, déi weltwäit ville Betraffenen Hoffnunge mécht. Mee wat ass do wierklech drun? Wollt d'Raphaëlle Dickes wëssen an huet beim Direkter vum Nationale Kriibs Institut, dem Dr Guy Berchem, nogefrot.

Ka Kriibs geschwënn geheelt ginn?

"MuTaTo" esou heescht d'Traitement dat d'Firma Accelerated Evolution Biotechnologies hofft an engem Joer op de Maart ze bréngen. MuTaTo steet fir Multi Target Toxin. D'Gëft dat, am Géigesaz zu enger Rei aneren Therapien, net just eng, mee op d'mannst 3 Cibelen an an op der Kriibszell attackéiert, soll d'Traitement esou effikass maachen. A quasi fräi vun Niewewierkunge sinn. Ausserdeem sollen hei och d'Stammzelle vum Kriibs attackéiert ginn, wat de Risiko fir eng Rechute minimiséiert. Kléngt villverspriechend. Den Onkolog ass allerdéngs ganz kritesch.


Dovunner ofgesinn, ass Kriibs net gläich Kriibs. Broschtkriibs beispillsweis, gëtt jee no Zort ganz ënnerschiddlech behandelt. Dofir bräicht ee vill verschidde Cocktaile vum Medikament fir déi ze viséieren. Doriwwer huet de Guy Dr Berchem awer néirens e Wuert fonnt. A schwätzt vu wëssenschaftlechem Populismus. 

Am meeschten awer stéisst de Lëtzebuerger Kriibsfuerscher sech un der Behaaptung, dass ee Kriibs elo geschwënn heele kéint. 


Zanter de leschten 20 Joer wäre vill Fortschrëtter an den Therapie gemaach ginn. d'Liewenserwaardung wär geklommen. Besonnesch d'Immun-Therapie hätt vill dozou bäigedroen.



Iwwerdeems den Usaz vum israelesche Laboratoire duerchaus eng interessant Pist wär, wa se sech bis beim Mënsch bewäert hätt, gesäit de Guy Berchem awer dat gréisst Potential an der Kriibsfuerschung an der sougenannter Car T Zellen Therapie. An de leschten zwee Joer wären hei villverspriechend Fortschrëtter gemaach ginn.

Dëst Traitement huet sech scho bei Kanner bewäert, déi eng akut Leukemie haten a wou all déi aner Therapië versot hunn, wou et also keng Hoffnung méi gouf. Ronn d'Halschecht vun dëse klenge Patiente konnten dermadder therapiéiert ginn. Nawell ass d'Car T Zellen Therapie eréischt an de Kannerschong. Wéi kënnt dann elo e klenge Labo dozou, d'Nouvelle ze streeën an engem Joer kéinte si Kriibs heelen? Fir den Dr Berchem handelt et sech hei ëm eegen nëtzeg Fake News.