Ugefaangen huet et mat enger Entdeckung vun engem Bild an der eegener Sammlung an eng dorops hin ageleete Recherche. Datt doraus eng Expo iwwer de Barock-Moler Theodoor Van Loon (1581-1649) géing entstoen, an dat an Zesummenaarbecht mam Palais des Beaux Arts an de Musées Royaux des Beaux Arts zu Bréissel, dat war net virgesinn. D' Ausstellung um Fëschmaart erméiglecht dem Public, de vergiessene flammännesche Kënschtler nei ze entdecken. 

19/02/2019 Expo Theodor Van Loon 10h45