Haut virun 20 huet een Amoklaf dee kléngen amerikanesche Viruert Columbine weltwäit berühmt gemaach. Zwee Schüler hunn als éischt 13 Leit an duerno sech selwer erschoss. De Grond fir dësen Amoklaf ass och haut nach net ganz kloer. D'Julie Dupont iwwert ee vun de schlëmmsten Amokleef an der amerikanescher Geschicht. 

20/04/2019 100 Sekonnen: 20 Joer Columbine

Den 20. Abrëll 1999 goufen an der Columbine High School 12 Schüler, an 1 Schoulmeeschter vun 2 Matschüler brutal erschoss. Et war net deen éischten Amoklaf an Amerika. Mee et war deen éischten dee weltwäit thematiséiert gouf an d'Leit schockéiert huet. Déi 2 Amokleefer, Eric Harris an Dylan Klebold, hu bal ee Joer laang déi grujeleg Dot geplangt. U sech war et hiert Ziel honnerte vu Schüler ëmzebréngen duerch Propanbommen an der Schoul. Zousätzlech wollten se och nach Polizisten, Sanitäter, a Reporter ëmbréngen duerch Bommen déi se an den eegenen Autoe placéiert haten. Hiert anert Ziel war et awer sech selwer berühmt ze maachen. Wat hinne leider och gelongen ass.

Iwwert d'Motiver fir hir Dot gëtt och haut nach deels spekuléiert. Déi 2 Schüler goufen an hirer Zäit an der Schoul vill gemobbt, een alldeeglecht Phänomen an der Columbine Schoul, wéi och a villen aneren Schoulen. Wat awer opfält am Géigesaz zu aneren Amokleef wou d'Täter gemobbt goufen: keent vun den 13 Affer huet déi 2 Schüler schikanéiert. Se waren einfach zum falsche Moment op der falscher Plaz.

Em déi 40 Minutten huet den Amoklaf gedauert. 40 Minutten an deenen d'Liewen vun enger ganzer Staat sech fir ëmmer verännert huet. Nach haut leide vill vun de Persounen déi op der Plaz waren ënner posttraumateschem Stress. D'Berichterstattung vum Las Vegas Massemord am Joer 2017 zum Beispill, huet vill vun den Affer op en neits traumatiséiert.

An awer huet sech näischt geännert an 20 Joer. Am Joer 2017, goufen et 345 offiziell gezielten Masse Schéissereien. Dat ass bal all Dag eng. Op mannst 4 Persounen, ouni den Täter ze zielen, si bei esou enger Masse Schéisserei em d'Liewe komm. Dës sinn zwar net all a Schoule geschitt, mee och do huet sech net vill gebessert. Zanter dem 20. Abrëll 1999 un bis haut, goufen ëm déi 170 Persounen a Primärschoulen, Lycéen oder Universitéiten erschoss. An dat eleng an Amerika.

An et gesäit sou aus wéi wann sech och an Zukunft do näischt wäert änneren. E Mëttwoch nach si vill Schoulen am Bundesstaat Colorado zou bliwwen, nodeems eng 18 Joer al Fra aus Florida Menace gemaach huet den Amoklaf vu Columbine ze widderhuelen.