Wollt der schonn ëmmer eng kéier um Mars liewen oder och vläicht een dohi schécken? Da gëtt et elo Hoffnung! Et ass zwar net direkt em den Eck mee awer nach ëmmer op eiser Äerd. D'Julie Dupont erkläert iech wat der dofir musst maachen.

22/04/2019 Ab op de Mars!

De Mars hautno erliewen ass elo méiglech ouni mussen an eng Rakéit ze klammen! An e Fliger muss der awer klammen, an dat mat der Destinatioun Gobi Wüst. Do, ëmginn vun näischt ausser Sand a Fielsen, steet d'Mars-Basis 1. Mat dem neie Projet vun der Chinesescher Weltraum Entreprise C-Space kritt den Ausdrock "een an d'Wüst schécken" ee ganz neie Sënn.

Déi éischt Mars-Amateuren sinn de 17. Abrëll erageplënnert. Dat Bescht un der ganzer Saach? Fir do kënnen ze liewe muss der emol kee Fuerscher oder Astronaut sinn! Elo am Ufank solle mol virun allem Schülergruppen op der Mars-Basis 1 ënnerkommen ab dem Joer 2020 dann och Touristen aus der ganzer Welt.   Et sinn am ganze 9 Module, mat Wunnberäicher, engem Kontrollraum, enger Zär,a an enger Loft-Schleis. Mee keng Angscht där musst net déi ganzen Zäit dobanne bleiwen. Nee, där kennt och op "Erkundungstuer" vun der Ëmgéigend goen. Dat geet awer nëmmen a Schutzkostümer, wéi der se scho bei Astronaute gesinn huet. Schweessen dierft do also virprogramméiert sinn. Méi spéit soll dann och een Hotel an Restauranten an der Mars Thematik do opgeriicht ginn.

Et ass awer net déi eenzeg Basis vun där Zort. Am Qaidam Becken, enger extrem waarmer Wüst an der chinesescher Provënz Qinghai, gouf direkt ee ganzt Mars-Duerf opgebaut. D'Duerf steet op enger Fläch vu ronn 700 Hektar. Kascht huet et ongeféier 130 Milliounen US-Dollar.

China huet sech als Ziel gesat Russland an den USA a Saache Weltraum hefteg Konkurrenz ze maachen. Dofir gi Milliarden an dee militäresch strukturéierte Weltraumprogramm vun der chinesescher Regierung gestach. Nächst Joer scho wëllen d'Chinesen eng Sonde op de Roude Planéit schécken. 2022 sollen dann déi éischt Leit d'Rees Richtung Mars untrieden.