Ongeféier 30% vum Datentransfer um Internet si Pornoen. De Bill Mayer sot, wa Pornoe gespaart géife ginn, géif et just nach een Internetsite mat der Iwwerschrëft:Give us the porn back! Dee gréissten Site fir Pornographie huet de 6fachen Datevolume vun der gréisster net-pornografescher Videoplattform. Di britesch Regierung wëll dëst elo besser reguléieren. De Jeff Dondelinger kläert eis op.

19/04/2019 Alterskontroll op Pornositen

En Dënschden huet di Britesch Regierung annoncéiert, datt et ab dem 15. Juli obligatoresch gëtt fir Site mat pornografeschem Contenu eng Alterskontroll anzeféieren. Als éischte Staat weltwäit féiert Groussbritannien esou eng protectiv Mesure an. "Inhalt fir Erwuessener um Internet ass am Moment vill ze einfach accessibel" seet di britesch Staatssekretärin fir Digitales, Margot James, "et géif net duer goen e Gebuertsdatum anzeginn oder einfach e Krop an eng Case ze maachen." Verschidde Méiglechkeete fir Verificatioun vum Alter si virgesinn. Dëst ka per Registréierung mat enger Carte d'Identité geschéien, per Umelle mat enger Telefonsnummer oder mat physesche Kaarten, déi a Butteker kënne kaf ginn. "Si hätten d'Protectioun vun der Privatsphär géint de Schutz vu Mannerjäregen ofgewien, a wieren zur Konklusioun komm, datt de Besoin vun de Kanner méi wichteg ass." erklärt d'Margot James weider.

Kontrolléiert gi soll di ganz Mesure vum British board of film classification (BBFC). Siten di géint dëst neit Gesetz verstoussen, musse mat engem Blockage vun hirer Säit oder hirem Bezuelservice rechnen. Internetsitten, wou manner ewéi een Drëttel vum Contenu aus Pornographie besteet si vun der Mesure ausgeholl. De BBFC stellt och sécher, datt d'Mesuren, di d'Bedreiwer vun de Sitten huelen, net d'Protectioun vun de perséinlechen Donnée violéieren. "Et wier kloer, datt den Identifikatiounssystem nëmmen den Alter betrëfft a net d'Identitéit," sou di britesch Staatssekretärin.

Laut enger Etude, déi 996 Eltere vu Kanner am Alter tëschent 7 a 17 Joer gefrot huet, begréissen 88% dës Mesure a wëllen eng verstäerkt Kontroll vu Contenu um Internet. D'Presidentin vun der Associatioun Internet Matters, d'Carolyn Bunting, betount si wiere frou, datt d'Regierung sech endlech mam Problem vun der Internetpornographie beschäftegt. Et wier geféierlech wa Kanner Contenu gesinn, fir deen se emotionell net prett sinn. Trotzdem ka keng protectiv Mesure regelméisseg an éierlech Gespréicher iwwert den Internetkonsum mat senge Kanner ersetzen.

Déi britesch Regierung ass sech bewosst, datt ee mat virtual private networks (VPN) dës Restriktiounen ëmgoe kann. D'Haaptzil vun der Mesure wier net den Accès ze blockéiere, mee et méi schwéier fir Kanner ze maachen u pornografescht Material ze kommen oder per Zoufall drop ze stoussen.