Elo ass d'Zäit an där vill Eeër giess ginn, gekacht a gefierft. En Hong leet all ee bis zwee Deeg en Ee. D'Eeër sinn entweder ëmmer wäiss oder brong. Mir wëssen u wat et läit.

19/04/2019 Firwat ginn et wäiss a brong Eeër?

Déi eng si genee esou gesond a gutt  wéi déi aner, och un der Zesummesetzung vun de Nährstoffer ännert näischt. Just d'Schuel baussen ass anescht. Mat de Plommen vun den Hénger huet d'Faarf vun den Eeër näischt ze dinn, e brongt Hong leet keng brong Eeër, an e wäisst Hong net forcément wäisser. An awer gesäit een um Ausgesinn vum Déier ob et där enger oder där anerer leet. All Hénger-Rass leet eng bestëmmte Faarf Eeër.

Fir eraus ze fannen wéi eng, brauch ee nëmmen déi sougenannten Ouere-Scheiwen vum Hong ze kucken. Déi fënnt een um Kapp vum Déier: bei den Oueren hänkt op béide Säiten e Stéck Haut ewéi e Läppchen erof. Dat ass entweder wäiss oder rout. Wann et wäiss ass, leet d'Hong wahrscheinlech wäiss Eeër. Wann déi Haut rout ass, leet d'Hong brong Eeër.

An et ginn Hénger déi gréng Eeër leeën ouni dass mer se fierwen. Déi komme vun enger chilenescher Hénger-Rass, 'Araucana' genannt.