"Jonk a Kriibs" esou heescht eng Facebook Grupp fir Betraffener tëscht 20 a 40 Joer. An d'Liewe geruff gouf se vum Michèle Fox. Eng jonk Mamm, déi kuerz no der Gebuert vun hirem klenge Bouf u Kriibs erkrankt ass. Trotz der Famill, déi fir si do war an engem gudden medezineschen Encadrement, huet der jonker Mamm den Austausch mat Betraffenen an hirer Situatioun gefeelt. Si huet doropshinn selwer e Grupp gegrënnt. Anouk Siebenaler

25/04/2019 Télévie: Jonk a Kriibs Facebook