D'Shirley MacLaine kitt haut hir 85 Joer. Grond genuch fir de Jeff Dondleinger op hir Karrier zeréckzeblécken.

24/04/2019 Shriley MacLaine

Schonn am Alter vun 4 Joer huet d'Shirley MacLaine hiren éischten ëffentlechen Optrëtt als Balletsdänzerin. No der Highschool plënnert si op New York fir als Schauspillerin a Dänzerin ze schaffen. En éischt grouss Roll kritt si am Broadway musical The Pajama Game. 1955 huet di eeler Schwester vum Warren Beatty hire Filmdebüt am Hitchcock sengem, The Trouble with Harry, fir deen si och de Golden Globe als beschte Newcomerin gewënnt. D'Shirley verkierpert e modernt, selbstbewosst awer trotzdem emotionaalt Fraebild konträr zum sexualiséierte Cliché aus de 50er Joren. Onënnerbrach schafft si u neie Projeten. Der Kënschtlerin hir Karriere ass villsäitesch. Si spillt Prostituéierter, Dänzerinnen , Léierinnen oder Nonnen.
Mam Alter veränneren sech och d'Charakteren di d'Shirley MacLaine spillt. An hire Rolle spillt si elo oft eng eegewëlleg, frech a frustréiert Fra. Mat hirem ongewéinlechen Talent bréngt si et awer ëmmer fäerdeg d'Rolle realistesch ze halen a net an d'lächerlecht ze zéien.
D'Actrice war politesch aktiv fir Demokraten an huet sech aktiv géint de Vietnamkrich agesat.
An de 70er Jore fänkt si un eege Bicher ze schreiwen an dréint en Dokumentarfilm iwwert d'Volleksrepublik China mam Numm The Other Half oft the Sky. De Film gouf fir den Oscar nominéiert, sollt awer net ausgezeechent ginn.
No 5 Nominatiounen kritt d'Shirley MacLaine 1984 schlussendlech en Oscar fir hir Roll als dominant Mamm, am Film Terms of Endearment. An hirer Karriere krut si ënner anerem 7 Golden Globes, 3 sëlwer Biren, 1 Emmy an 1 Oscar.
No hirer Schaupillkarriere schreift d'Shirley spirituell an esoteresch Bicher. D'Actrice schreift iwwert Erfahrungen aus engem fréiere Liewen a Kontakter mat Ausserierdeschen. Si bekennt sech ausserdeem zum Rathma-Kult.