Haut ass net nëmmen Ouschterméinden, mee och, a vläicht souguer virun allem Dag vun der Äerd. Dëst Joer ënnert dem Motto Aarte Schutz, a gläichzäiteg hir Bedrohung duerch eis. D'Julie Dupont kann eis e bësse méi dozou zielen.

22/04/2019 100 Sekonnen: Dag vun der Äerd

Den Dag vun der Äerd huet als Zil d'Mënschen op déi sëllech Problemer vun eisem Planéit opmierksam ze maachen. A virun allem, dass mär Mënschen den Haaptgrond dofir sinn. All Joer huet dësen Dag een anert Uleies. Dëst Joer ass d'Motto: SOS! Save our Species, also Rett eis Aarten. Wat domat gemengt ass dierft fir jidderee kloer sinn. Et ass kee Geheimnis, dass eis Déieren a Planzewelt ëmmer méi kléng gëtt. An de Grond dofir ass och bekannt.

Vill Promien ënnerstëtzen den Earth Day, wéi zum Beispill de Leonardo di Caprio, d'Jane Fonda oder och den Al Gore, an hu gehollef dësen Dag e bësse méi an de Fokus vun der Ëffentlechkeet ze beweegen. An dat mat Erfolleg: mëttlerweil huelen iwwer 190 Länner op der ganzer Welt deel, an erreecht esou honnerte vu Millioune Mënschen.
Sou mécht zum Beispill Google all Joer een thematesch ugepasste Google Doodle fir weider Leit z'erreechen, an Apple organiséiert geziilt Aktiounen fir dësen Dag. 2016 hunn se sou zum Beispill d'Recette vun enger Rei Apps gespent.

Falls der denkt, dass een Dag eleng awer net wierklech eppes ännert, leit der absolut richteg. Dofir ginn a ville Länner sëllech Campagnen an Aktiounen gestart virun an och nom 22. Abrëll. Déi däitsch Staat Kassel organiséiert dowéinst all Joer ee risegt Fest, mat Stänn ronderëm ëmweltbewosst Alternativen a Méiglechkeeten ee Schrëtt no fir ze maachen fir eis Äerd. Zanter 2017 ass dëst Fest och komplett vegan.