Meopin ass eng Lëtzebuerger Start Up, déi 2017 eng Plattform lancéiert hat fir d'Patienten an déi medezinesch Beruffer méi no beieneen ze bréngen. Dat heescht de Patiente besser a méi zougänglech Informatiounen ze ginn, sief et iwwer Déngschtleeschtungen, Dokter, Gesondheetsberuffer, Spideeler, Apdikten, Ambulanz an alles wat domadder ze dinn huet. All Fro am Gesondheetsberäich soll op där Plattform zu enger Äntwert féieren. Mat der Patientenuniversitéit kënnt elo e weidere Volet dobäi.

19/04/2019 Patientenuniversitéit zu Lëtzebuerg

Sou e Konzept fonctionnéiert schonns zanter Joere gutt an Däitschland, an sou eppes kinnt och zu Lëtzebuerg vill Uklang fannen, seet de Grënner a CEO vu Meopin Patrick Goergen.
Kloer verständlech, dat ass den Haaptbut vun der Patientenuniversitéit. Adresséiert sech un all Mënsch vun all Alter an d'Themen sinn natierlech déi, déi meescht Leit beschäftegt; sou sinn och juristesch Theme virgesinn wéi Rechter a Pflichte vun engem Patient, Patientendossier an Dateschutz am Gesondheetsberäich.

Patientenuniversitéit ass den Numm vum Konzept, mä et soll awer och eng physesch Plaz sinn, op där ee da ka Konferenze lauschtere goen an d'Experten aus de Gesondheetsberuffer begéine kann. Dat ass am Forum Da Vinci an der Stad an den 1. RDV ass de Méinden 29. Abrëll ëm 6 Auer mam Osteopath Dokter Sergio Marcucci an do steet de Réck am Mëttelpunkt. An do begéint een engem Mann, dee regelrecht passionéiert ass vu sengem Beruff
Wann eppes mam Réck net stëmmt, muss een net forcément de Réck wéi hunn, mä vill aner Plazen am Kierper kënnen doduerch a Leidenschaft gezu ginn. E wéie Réck kritt een net näischt maachen a sech just dohinner setzen, de Contraire ass éischter de Fall.

Et ginn natierlech vill aner Ursaachen firwat ee Réck wéi huet, an deenen Ursaache gëtt den Dokter Marcucci och op de Fong. Nieft dem Expert op engem spezifesche Gebitt, gëtt et den Owend awer och weider Akteuren aus dem Secteur.

Ëm 6 Auer geet et lass mat der éischter Konferenz vun der Patientenunivsersitéit am Forum Da Vinci: ''Get a strong back'' also ''Alles fir e staarke Réck''. Fir simultan Iwwersetzungen ass och gesuergt.  Et brauch een sech net unzemellen an den Owend ass gratis.
Méi Detailer op [link]https://meopin.com[link]