1 Milliard Teenager a jonk Erwuessener kéinte Problemer mam Gehéier kréien, seet d'Weltgesondheetsorganisatioun. Schold dorunner wier déi haart Musek an de Kopfhörer. Dofir wieren rezent UN-Richtlinne entwéckelt ginn d'Ouer ze schounen, dëst fir Smartphonen an aner Apparater fir Musek ze spillen. Dës sollen elo de Volume an d'Dauer vum Museklauschtere moossen, och Tipps ginn ob de Volume nach a Moossen ass, an d'Méiglechkeet soll och bestoen, de Volume dann automatesch ze reduzéieren.

06/03/2019 UN-Richtlinne fir eis Oueren ze schounen