130.000 Leit hunn de Mark Forster op senger ausverkaafter Arena-Tour gesinn. Grond fir dës Tour war den aktuellen Album Liebe.

No Einmal kënnt elo net Zweimal mä och eppes mat enger Zuel, eng 7, eng 4 an eng 7, 747. Do denkt een dach automatesch un deen décke Fliger vu Boeing, eng 747. An dat ass dann och deels Programm, et geet nämlech iwwer de Wonsch heemzekommen als lescht Zil an awer och iwwer d'Verlaange fir eppes Neits z'entdecken an net stoen ze bleiwen. Juni, Juli an August sinn dann déi nächst Optrëtter vum Mark Forster.