Alles muss riicht lafen... perfekt ausgesinn, nëmme kee Feeler dierf geschéien...! Sou soll och de Mënsch sech upassen, egal op am Beruffsliewen, oder och am Privaten. Sou wéi um Fléissband, nëmme keng Ecken a Kanten... Nëmmen net opfalen! Ass awer iergendwéi blöd nee? Feeler geschéie jo awer nun mol a maachen eis mënschlech...?
De japanesche Kintsugi, dee geet do en anere Wee a léiert eis den Ëmgang mat eise Feeler nach emol z'iwwerdenken.

24/04/2019 Kintsugi

.Et wor emol e japanesche Shogun, den Ashikaga Yoshimasa, deen seng Liiblingstaass gebrach hat, aus där en all Dag säin Téi gedronk huet. Sou huet en seng futtis Taass dunn am 15. Joerhonnert eriwwer a China geschéckt, fir se flécken ze loossen. Wéi se zeréckkoum, war de Mann entsat... ellen war d'Taass, mat Klameren zesumme gehalen. Doropshin huet en seng eegen Handwierker gefrot, ob déi net eng besser Iddi hätte fir seng Taass ze flécken. Esou gouf de Kintsugi erfonnt. Kintsugi ass eng traditionell japanesch Methode fir futtisse Parzeläin nees ze reparéieren an dat besonnescht heirun ass, dass d'Téitschen net verstoppt ginn, ma au Contraire, si ginn ervirgehuewen a verschéinert. An zwar mat Gold oder Sëlwer. Dat schaaft eng komplett nei Schéinheet a Wäertschätzung vum Objet.
Vill Sammler hunn dës Methode esou schéi fonnt, dass se express Parzeläin gebrach hunn, fir e mat gëllenen Néit zesummen ze pechen an em en extra Touch ze ginn.
Dat wichtegst beim Kintsugi ass engem japanesche Meeschter no net déi physesch Apparence vum Objet, ma wichteg ass d'Schéinheet an d'Bedeitung déi de Betruechter duerch den Objet realiséiert. 

Wann et ëm Ästhetik a Schéinheet geet da gëtt ëmmer just dat glat an dat perfekt gefrot. Sief et bei iergendwelleche Casting Modellshowen, oder de Cover vun enger Zeitung, dat jugendlecht Gesiicht ouni Falen muss et sinn, ma och dat geet net duer. Déi perfekt Symmetrie ass och e Muss.
Dat ass net verwonnerlech, Symmetrie gëtt dacks als schéin empfonnt. An dat war nach ëmmer esou. Kloer ginn et och Biller déi al verronschelt Gesiichter weisen, kënnt awer séiert wéineg vir. Begeeschterung fannen éischter déi aner. Nymphen déi am Waasser schwammen, D'Venus vum Boticelli, oder dem Vinci säi Mona Lisa.
Perfekt, a Glat heescht nei, onbenotzt, intakt. Et kéim jo schliisslech och keen op d'Iddi fir futtis Glieser ze kafen, bei de Präisser vun haut scho guer net, oder? Reparatur lount sech also net, am beschten an Poubelle dermat, an neier kafen.
Amplaz eppes ze flécken, ze pechen oder ze stoppen gëtt alles direkt ersat...
Well och wann eng Saach duerch eng Reparatur nees ze gebrauchen ass, ass en net méi schéin, e verléiert u Wäert, well e Sprong z'erkennen ass.
Anescht ass dat beim Kintsugi.
Während engersäits hei op perfekt Téizeremonie wäert geluecht gëtt, ass ënnert dem Afloss vum Zen-Buddhismus eng nei Virstellung vun Ästhetik entstanen. Si heescht Wabi-Sabi. Dës Philosophie begréisst ausdrécklech dat wat futti ass, dat Vergänglecht, an dat wat e Mangel huet. 
Dass mol eppes futti geet oder eng Téitsch kritt, ass och e ganz normale Virgank an der Existenz vun engem Objet, ma heescht dat nach laang net dass een et net méi brauch.
Au Contraire, beim Kintsugi kritt eng Taass oder en Teller en neie Wäert a gëtt zum Unikat. An dat kënnt och nach enger anerer japanescher Philosophie no, nämlech dem Mushin - d'Virstellung dass näischt konstant ass an dass de permanente Floss an d'Verännerung e Bestanddeel vum Liewen ass. 
De Gedanken eleng dass an engem Objet, deen dacks benotzt gëtt och e besonnesche Charme stécht, deen ass och an der westlecher Zivilisatioun net nei, ganz dovun ofgesinn kann ee jo selwer scho säin eegene Parzeläin oder Mosaik zesummeflécken a bastelen.
Dat erkennt een och an der Moud... zanter Jore feiere futtis Jeans, oder Jeans déi zesummegefléckt sinn ëmmer nees e Comeback. Och am Shabby Chic Stil kann ee Kintsugi erkennen, am Vintage Look gi jo al Miwwelen oder Floumaartartikel nei rafistoléiert a sinn immens beléift.
Egal ob tatsächlech al, oder op al getrimmt, déi Saachen erzielen eng Geschicht an eleng d'Virstellung wat se erlieft kéinten hunn a wouvunner se géingen erziele, wann se et kéinten, inspiréiert d'Mënschen.
Wéi am Kintsugi op den Objet bezunn, sollten d'Feeler och dem Mënsch zougestane ginn. Amplaz sech fir e Projet deen net richteg gelaf ass an de Buedem ze schummen, ka Kintsuigi dobäi hëllefen eng Néierlag als normal Episode a virun allem als Bestanddeel am Beruff an am Privaten ze kucken.

Och e Mariage oder eng Bezéiung kann net ëmmer schéi sinn, ma et ass och net alles schlecht, dofir sollt een sech hei och vläicht méi dacks déi gefléckte Schossel virun Aen halen, well där Intakter gëtt et wéi Sand um Mier. An déi gëlle Kintsugi Néit sinn och nach an hirer Form eenzegaarteg a wéi keng aner. Sou wéi och eng Persoun mat hiren eegenen Erfarungen. En aneren huet vläicht dee selwechten Ofschloss, déi selwecht Schoul, ma et sinn trotzdeem ganz aner Saachen déi ee markéieren an d'Perséinlechkeet formen.