Wien scho mol probéiert huet mat Fëmmen opzehalen dee weess dass dat keng einfach Saach ass. Elo soll et eng ganz einfach Method ginn mat där dat méi einfach goe soll.

29/04/2019 Net méi Fëmmen: Um Schokla Schnoffelen!

Wéi schlecht d'Fëmmen dat brauch ech kengem méi ze soen. Ech hu selwer laang gefëmmt an weess wéi schwéier et ass wann een et sech fir hëlt domat opzehalen.
Nervöst zidderen an de Been an den Äerm. Onrou am Bauch. Jee et ass ee séier ob der Palm.
Vum Gestank an de Suen déi et kascht net ze schwätzen.
Dee beschte Wee fir op ze halen ass nach ëmmer deen et vun haut ob Muer ze maachen. Déi ganz Tricken mat reduzéieren oder de Pak eidel ze Dämpen bréngt näischt. Et kann een et jo och ob Hëllefsmëttel zeréckgräifen. Plooschteren, Knätsch, Sprays jo souguer Akupunktur soll hëllefen.

Gleeft elo eng neier Etüd wëlle Fuerscher e neit Mëttel fonnt hunn fir d'Zigaretten lass ze ginn. Et soll een um Schokla richen. Si konnt beweisen dass wann een eppes richt wat ee gäre richt dat engem hëllefe kann fir mam Fëmmen opzehalen.

Et goufe Leit a Gruppen agedeelt. Si konnte sech all virdrun hire Liiblingsschokla eraus sichen. Dono hu se missen eng Zigarett ufänken déi se awer net hunn dierfe fëmmen, se ass einfach verdämpe gelooss ginn.

Dono, wann d'Zigarett verdämpt war hu se un engem Pak gericht. Dësen huet entweder gutt geroch, no Zigaretten oder no näischt. Dono gouf gefrot wéi staark d'Verlaangen no enger Zigarett war. An der Moyenne wollten 82% vun de Leit direkt eng umaachen.

Anescht war dat bei de Leit déi en agreabele Geroch am Pak haten, hei konnt bewise ginn dass d'Verlaange no enger Zigarett däitlech an de Keller gerutscht ass. D'Method kéint deemno hëllefen de Leit déi wëlles hunn domat opzehalen et och wierklech ze paken. Et kann awer präventiv wierken an dozou bäidroen dass ee guer net mam Fëmmen ufänkt.