De Michael Menzel ass Zänndokter, hei vir an der Pfalz, zu Pirmasens, do fuere vill Lëtzebuerger um Wee an de Schwarzwald duerch. Virun 2 Joer huet de 60er Joer alen Dokter bei enger Hëllefsaktioun an Indien deelgeholl an ass zënterhier net méi vu senger Iddi ofzebréngen.

30/04/2019 Vu Pirmasens an Indien: en Zänndokter am Asaz

Eng mobil Praxis fir datt den Dokter Menzel an Indien hëllefe kann. Méi genee am Norde vun Indien, an der Ladakh-Regioun am Himalaya un der Grenz zu China. D'Situatioun fir déi ronn 300.000 Mënschen an dëser Regioun, wou et net einfach ze liewen ass, ass net dramatesch mä awer duerchwuess genuch fir datt Hëllef ubruecht ass. De Michael Menzel war elo 10 Deeg op der Plaz fir sech mat engem Dokter vun dohannen en Iwwerbléck ze verschafen an och fir op d'Besoinen anzegoen. Well d'Ernärung net déi allerbescht ass an ze vill Séissegkeeten konsuméiert ginn, ass scho bei de Kanner den Zoustand vun den Zänn alles anescht wéi ok. Wéinst de groussen Distanzen, deels ginn et och guer keng Stroossen tëscht den Dierfer, gräifen d'Awunner an der Ladakh-Regioun léiwer op Medikamenter géint Péng zeréck.

A genee do setzt den Zänndokter aus der Pfalz seng Iddi un; wann de Patient net bei den Dokter kënnt, rullt den Dokter ebe bei de Patient. Déi Ambulanz déi de Michael Menzel brauch, oder ëmbaue wëll, wäert ronn 120.000 Euro kaschten, dowéinst erzielt den Zänndokter den Ament vill vu senger Erfarungen dohannen a freet no Spenden. Bis ewell huet hien 30.000 Euro zesummen an en ass gudder Déng déi néideg Suen zesummenzekréien. Wann dat da bis de Fall ass, huet den Dokter wëlles 3 Wochen am Joer seng Praxis zu Pirmasens zouzeloossen an da mat der mobiller Praxis duerch den Himalaya ze zéien an do no den Zänn ze kucken.

De President vun den Zänndokter Ouni Grenzen, de Stefan Rohr, ass méi wéi begeeschtert vun dëser Initiativ an ënnersträicht datt all Engagement, och wann et nach sou kleng ass, extrem wichteg ass. De Plang vum Michael Menzel gesäit also den Opbau vun enger Ambulanz vir déi op der Plaz kaf gëtt, duerno kréien indesch Doktere Formatiounen déi da mam Gefier hëllefe kënne wann den Dokter an Däitschland net an Indien ass. Jiddereen dee sech finanziell un dësem Projet bedeelegt, kritt dann och eng Klengegkeet zeréck, zum Beispill e Schal aus dem Himalaya oder Hëllef wann et ëm d'Zänn geet.

De Fall gesat dem Zänndokter aus der Pfalz säi Plang geet op, huet hie wëlles sech de Rescht vu sengem Liewen am Norde vun Indien z'engagéieren. Hei geet et bei dem Michael Menzel seng Homepage