An e puer Zorte ganz speziell. Duerch den héije Gehalt un Antioxidantien hëlt ee net nëmmen of, mä et hält ee seng Figur och nach.

06/05/2019 Uebst mécht schlank

Deemno wéi ee strenge Regime grad usteet, ass jo esouguer Uebst verbueden. Dobäi schmaacht dat net nëmme schonn um Moiesdësch, mä et sinn e ganze Koup wichteg Vitaminnen dran- an: grad d'Uebst ka richteg schlank maachen an dozou bäidroen dass een et och bleift. Dat behaapte Fuerscher vun der Harvard University. Si hunn zesumme mat Kollege vun der East Anglia erausfonnt, dass Flavonoiden ee kënne virum Bäihuele schützen. D'Antioxidantien déi am Planzestoff dra sinn kënnen  d'Fettzellen an eisem Kierper ausbremsen. Virun allem enthale sinn déi am Äerdbier, Molbier an och an Äppel a Bieren. Leit déi jorelaang op déi Liewensmëttele verzicht hunn, sollen u Gewiicht zougeluecht hunn.

© Pixabay

Wien d'Uebst moies dann awer léiwer drénkt, ka gären op de klasseschen Orangëjus zeréckgräifen. Duerch säi nidderege glykämeschen Index bremst en den Insulin, mécht laang sat, stäerkt eisen Immunsystem a schützt Zellen viru fräie Radikalen. An dat mécht dass mer net esou séier al ginn an e manner grousse Kriibsrisiko hunn. De Jus moies ass ideal fir de Glykogen-Späicher erëm opzefëllen, deen iwwer Nuecht eidel ginn ass, an e kuerbelt d'Funktioun vun der Schilddrüs un. Wann een d'Orange reegelméisseg presst, mécht een och d'Gehir méi fit: d'Leeschtung an eisem Kapp kann duerch den Orangëjus ëm bis zu 47 Prozent an d'Luucht goen. Dat läit och erëm un den Antioxidantien a weidere Nährstoffer, déi och nach präventiv géint Demenz wierken.

Et muss also net ëmmer en sophistiquéierte Smoothie sinn- en einfachen Orangëjus mécht et och.