Vläicht hutt der gëschter Owend deen een oder anere Patt gedronk? Hei zu Lëtzebuerg an och an eise Nopeschlänner gëtt gäre e Patt geholl. Mä wéi gesäit et dann esou ronderëm d'Welt aus? D'Julie Dupont huet do e puer Fakten punkto Alkoholkonsum.

09/05/2019 Etude iwwert Alkohol

Ee kléngt Glas Wäin beim Iessen, een Humpen um Feierowend. Dass an eisem Ländche gäre mol eppes gedronk gëtt, an och ëmmer erëm iwwert den Duuscht, ass elo näischt Neies. Och an Däitschland, der Belsch a Frankräich gëtt net nëmmen Béier a Wäin produzéiert mee och mat Genoss consomméiert. Eng Etüd vun der Fachzäitschrëft "The Lancet" huet sech de weltwäiten Alkoholkonsum tëscht 1990 an 2017 méi genee ugekuckt. A virun allem d'Evolutioun vun eisem Konsum. D'Donnéeën aus 189 Länner weisen do ee ganz kloren Trend: et gëtt ëmmer méi gedronk. Weltwäit ass den Alkoholkonsum vun 1990 un ëm ganzer 70% geklommen. Ausserdeem si ronn 40% vun der Mënschheet abstinent.

Mee gëtt weltwäit d'selwecht vill gedronk? A wéi kann een dee erhéichte Konsum erklären?

Wäit fir sinn d'Länner aus Europa, an Asien, wärend an Afrika an an den arabesche Länner de Konsum éischter niddreg ass.
Am meeschte gëtt am osteuropäesche Moldawien gedronk, an zwar ganzer 15 Liter réngen Alkohol pro Persoun am Alter vu 15 bis 99 Joer. Am Laf vun de Joren ass den Alkoholkonsum an den osteuropäesche Länner awer staark erofgaangen.
Am Kuwait gëtt mat 0,005 Liter pro Persoun ganz kloer am mannste gedronk. De Grond dofir dierft bei der Relioun leien, ronn 85% vun de Leit am Kuwait si Moslem.
Am grousse ganzen sinn déi Länner mat enger grousser moslemescher Populatioun am Alkoholranking méi wäit hannen.

Relioun, Gesondheetspolitik an d'Kultur an deenen eenzelen Länner spillen eng wichteg Roll. D'Etüd weist awer och dass de Konsum vu rengem Alkohol zesumme mam Wirtschaftswuesstem klëmmt. A China huet sech den Alkoholkonsum bal, an Indien souguer méi wéi verduebelt. Elleng vun 2010 un ass de Konsum a Südostasien ganzer 34% geklommen. Global gesäit den Trend esou aus, wéi wann bis 2030 déi asiatesch Länner weider zouhuelen an Europa iwwerhuelen.

Am Allgemengen wäert den abusive Konsum vun Alkohol bestoe bleiwen, a weltwäit weider eng vun den Haaptursaachen fir Erkrankungen an Doudesfäll bleiwen.