Vun senge 6 Fraen, déi den Henry VIII hat, war d'Anne Boleyn wuel déi bekanntsten. Dass si vun Ufank un net seng Maîtresse wollt ginn, konnt se awer net retten.

19/05/2019 100 Sekonnen (Anne Boleyn)

Hie war verréckt no hir... Huet hir Schéinheet, hiren Humor, an hir Schlagfäerdegkeet bewonnert, huet hir wäertvoll Bijoue geschéckt, en etlech Bréiwer an deenen en hir Libeserklärunge geschriwwen huet an si huet en einfach um ausgestreckten Aarm erhéngere gelooss. Laang huet e misste kämpfen, an si wousst dass näischt méi gescheit wär, en op Distanz ze halen. Ma hätt se dat dach op Dauer gemaach, dann hätt se net hir Léift zum Kinnek mat hirem kapp misste bezuelen... Deen ass nämlech den 19. Mee 1536 am Londoner Tower gefall. Dat war d'Enn vun der Bezéiung, déi d'Land wéi keng aner Geschicht markéiert huet.
D'Anne Boleyn wor 13 Joer virdrun Éierendamm vum Henry senger Fra Catharina. De Mariage tëscht enger spuenescher Prinzessin an dem jonken Tudor war politesch calculéiert.
Si huet iwwert seng Affären ewechgekuckt, an si haten e Meedchen zesummen, d'Mary ma d'Gebuert vum Trounfolger blouf aus.
D'Anne Boleyn huet d'Problemer kannt an si wousst och dass de Kinnek e Faibel fir schéi jonk Fraen hat. Ma si wollt net eng vu senge ville Maîtresse sinn a sot dass d'Kinnigin tëschent hinne stéing. 
Doropshin huet den Henry alles drugesat fir säi Mariage annuléieren ze loossen, a schlussendlech ass säi Waarde belount ginn, wéi en d'Anne 1533 bestuet huet. Deemools war se schwanger mat enger Duechter, dem Elizabeth. Ma och dee Mariage stoung ënnert kengem gudde Stär, d'Meedchen Elizabeth sollt spéider eng grouss Kinnigin ginn, ma no der Gebuert war den Henry enttäuscht an och déi nächst Schwangerschaften hu keen Trounfolger op d'Welt bruecht.
Lues a lues ass d'Feier beim Henry ausgaangen a schliisslech huet en sech an en anert verléift: d'Jane Seymour, seng drëtt Fra. D'Anne stoung awer elo am Wee a well se vill Frënn um Haff hat, gouf se Affer vun enger Intrige a krut Inzest mat hirem Brudder virgeworf. De Kinnek huet och behaapt si hätt e verhext an d'Anne huet misste stierwen. Eng Gnod huet en hir allerdéngs iwwerlooss: en huet de beschten Henker bestallt.