“Ad vitam aeternam”  Realisatioun : Fränk Grotz. En Abléck an d’Liewen an d’Motivatiounen vun engem Déierepräparator.

19/05/2019 RoutWäissGro

De Mario ass Taxidermist, also Déierepräparator. Mat sengem Handwierk dat oft nach als “Opstoppen” bezeechent gëtt, erwächt hien déi verschiddensten Déieren nees zum Liewen a mécht aus hinnen eng Juegdtrophee, en Objet fir Schoulen oder eng Dekoratioun. Wéi kënnt een zu dëser seelener Beschäftegung? Wéi ass dem Mario säin Aarbechtsoflaf? Ass en Taxidermist deen düstere Personnage deen ee sech virstellt? Wat ass säin, mee och eist Verhältnis zu den Déieren? Vu sengem onheemlechen Atelier, iwwert seng entspaanten Taxidermie-Coursen am Lycée bis hin zu sengem Familljeliewen, sinn d’Éiwegkeet, den Doud an d’Grenz zum Makaberen Themen déi de Mario reegelméisseg beschäftegen. Seng aussergewéinlech Aktivitéit stellt säi Jugement an dee vum Beobachter op d’Prouf.

De Fränk Grotz huet op der Université Paul Verlaine zu Metz, Arts du Spectacle mat Schwéierpunkt Film studéiert. 2006 huet hien e Master an der Médiation Culturelle mam experimentelle Kuerzfilm d’Schueberfouer ofgeschloss. Säin Documentaire Tour of Duty iwwert d’Lëtzebuerger Veteranen vum Koreakrich koum 2008 an d’Kinoen. Zanter 2002 schreift hie reegelméisseg Filmkritike fir d’Lëtzebuerger Land. Hier war vun 2008 bis 2018 Member am Comité Artistique vum Luxembourg City Film Festival. 2016 war hien Ko-Produzent vum Kuerzfilm Tout est calme (Marylène Andrin-Grotz). Säit 10 Joer ass hie responsabel fir d’Programmatioun am Kulturhuef Kino zu Gréiwemaacher. Als fräie Journalist a Realisateur schafft hien säit 2017 reegelméisseg fir d’Kulturredaktioun vun RTL Télé Lëtzebuerg