D'Schnéi-Eil vum Harry Potter heescht Hedwig a bréngt dem Zauberer seng Post. No der éischter Apparence vun dësem grousse Vull am Film, wollt du jiddereen sou eng Eil hunn. D'selwecht war et beim Clownfësch, deen sech am Animatiounsfilm Nemo an d'Häerzer oder besser gesot an immens vill Aquariume gespillt hat. An dobäi war de Message jo eben deen, dass Fësch léiwer am Fräie schwamme wéi elo am Cabinet vun engem Zänndokter. D'Marie Gales huet e weidert schlecht Beispill ganz am Sënn vun ''1 Af mécht der 100''

13/05/2019 ''The Beach'' bleift zou

Erënnert Dir Iech un de Film ''The Beach''? Gedréint gouf dee jo ënnert anerem mam Leonardo di Caprio um Dramstrand vun der thailännescher Inselgrupp Ko Phi Phi mat um Strand Maya Bay. An dësem Rucksackfilm geet et jo ëm eng Kaart mat engem Wee fir op en Dramstrand, quasi an d'Paradäis. Just e puer Auserwielten hunn de kannt an dat sollt och sou bleiwen. Sou d'Geschicht vum Film.

Abee nom Film war d'Filmkuliss Maya Beach kee Geheimtipp méi an zanter 2000, am Joer an deem de Film an d'Kinoe koum, haten sech eng 1000enden an 1000enden Touristen och op de Wee dohinner gemaach, mam Resultat dass d'Korallewelt elo futti ass. Bis zu 7000 Visiteuren waren et alt an engem eenzegen Dag, déi mam Boot koumen an de Strand reegelrecht belagert hunn. Vill hu sech an d'Waasser gestallt fir hire Selfie mam Paradäis hannendrun ze maachen an dobäi si vill Korallen ofgebrach. Och d'Ankere vun de Booter hunn de Riffer zougesat an den Offall, deen d'Touristen hannerlooss hunn, hunn der Insel dunn de Rescht ginn.

Dofir bleift de Strand elo zou an dat nach op mannst nach fir 2 Joer, dëst sot de Mieresbiolog Thon Thamrongnawasawat, dee sech ëm d'Sanéierung vum Strand bekëmmert. Déi thailännesch Regierung hat schonns de leschte Juni wéinst Ëmweltschied verbueden op d'Insel ze kommen an dat sollt Ufanks just fir e puer Méint sinn. Mä gouf wéi gesot elo verlängert.
D'Sanéierung bréicht seng Zäit a wier och besonnesch schwiereg wann d'Korallen all dout sinn. 77 Prozent wieren iwwregens vu den thailännesche Koralleriffer der Kasetsart-Universitéit zu Bangkok no, schwéier matgeholl. Mä et kéint een hoffen, virun der Inselgrupp Ko Phi Phi wieren nees méi wéi 20.000 nei Korallen ugesidelt ginn.

Natierlech ginn duerch d'Zoumaache vum Strand dann och vill Suen fleeten, do schwätzt ee vu Milliounen. Zum Beispill d'Besëtzer vun den Ausfluchsbooter iergere sech, well si zanter Joren domadder immens vill Geld maache konnten.
Dat lescht Joer ware méi wéi 38 Milliounen Touristen an Thailand ënnerwee a Bangkok zielt zu der Stad, déi am meeschten op der Welt besicht gëtt.