An enger Stad am Norden vun Däitschland, eng ronn 5 Stonnen vun Lëtzebuerg ewech, kann een zanter kuerzem eng Véirel Stonn fir näischt parken. Fir d'Zäit awer genee kennen ze moossen, brauch een eng Auer aus dem 14. Jorhonnert.

14/05/2019 Eng Sandauer fir d'Automobilisten

Riets ass vun der Sandauer. Déi soll elo den Awunner vun der Stad Cloppenburg erméiglechen eng Véirelstonn gratis an der Stad ze parken, wann ee mol kuerz bis an d'Apdikt oder bei de Bäcker well.

Fir dass awer all Autosfuerer, déi selwecht Auer huet, verkeeft d'Stad elo offiziell Sandaueren, déi een an d'Fënster vum Auto päschen kann. Déi gesinn genee sou aus, wéi déi kleng Sandaueren, déi een als Kand vum Zänndokter krut fir dass ee seng Zänn och laang genuch botzt.

Mee wisou grad eng Sandauer a keng Parkauer, wou een dréinen an an d'Fënster leeën kann. De Problem wier hei, dass een ëmmer just genee eng hallef Stonn astellen kéint. Do kéint et schonn mol zu Diskussiounen kommen. A vir deenen aus dem Wee ze goen, koum d'Stad op d'Sandauer, well déi genee 15 Minutten moossen kann.

Mee Däitschland wier net Däitschland, wann et keng genee Regelungen géingen ginn. Sou muss een d'Auer bannen am Auto an d'Fënster vun der Fuerersäit päschen. Falls se géing erof falen, kritt een awer ee gepäscht an et ass och verbueden, d'Sandauer nach eemol ëmzedréinen. Wéi se dat allerdings genee wëllen kontrolléieren, dierf elo mol dohi gestallt sinn. Eng ronn 300 Sandaueren sinn schonn am Biergeramt vun der Stad ofgeholl ginn.

Cloppenburg ass awer net déi éischten Stad mat deem System. Zanter gutt 3 Joer gëtt et dee schonn an zwou Stied a Bayern an Baden-Württemberg.