Wéi sech den George Lucas Ufank Mee mol nees zu Wuert gemellt hat, war dat wéinst dem traurege Fait, datt den ''Chewbacca-Duersteller'' Peter Mayhew, am Alter vu 74 Joer gestuerwe war. De 19. Mee hätt den 2 Meter 20 groussen Acteur der 75 kritt, 5 Deeg nom George Lucas, deen de Mayhew 1977 fir d'Roll vum Wookie fir d'Star Wars-Filmer gecast hat. Soss hält sech de Lucas éischter bedeckt, nodeems hien 2012 e radikale Schlussstréch gezunn hat. D'Marie Gales gratuléiert dem Gebuertsdagskand George Lucas

14/05/2019 Happy Birthday George Lucas

D'Trennung vu Star wars wier him immens schwéier gefall, an awer hat hie viru 7 Joer säi Star wars-Universum fir 4 Milliarden Dollar un Disney verkaf. Anescht wéi seng gutt Filmfrënn Martin Scorsese, Steven Spielberg a Francis Ford Coppola mat deenen hien an den 1970er Joren ''New Hollywood'' opgebaut hat, stoung de Lucas 2005 fir d'lescht hannert der Kamera fir star wars Episode 3 - Revenge of the sith. Zäit fir d'Féiss héich ze leeën, huet den amerikaneschen Filmmann awer nach ëmmer net.  2018 hat hien endlech konnten de Grondstee fir säi laang geplangte Musée zu Los Angeles leeën. ''Lucas Museum of Narrative Art'' soll 2021 opgoen an dee Musée soll d'Mënschen zum dreeme bréngen an hir Fantasie ureegen. Dat meescht wat et do ze gesi gëtt, kënnt aus dem Privatbesëtz vum Lucas, deen sech zanter senger Jugend fir Molerei, Zeechnungen, Comics an digital Konscht begeeschtere konnt.

Sue spillen am George Lucas sengem Liewen keng grouss Roll, hie huet der einfach. D'Käschte fir dëse Musée vun enger Milliard Dollar bezilt hien aus senger eegener Täsch. De leschte Mount hat hien iwwert seng ''George Lucas Family'' Stëftung schonns e décke Pak Suen an den Oscar-Musée zu Los Angeles afléisse gelooss mat der Konditioun, dass duerch dës Suen all Jonken ënnert 18 Joer fir ëmmer gratis an dee Musée erakënnt.
Kanner leien dem Lucas nämlech um Häerz an hien huet fir Bildungszwecker a Famillen, deenen et net sou gutt geet, schonns vill Sue gespent. Hie selwer ass Papp vun 3 erwuessenen Adoptivkanner a viru 6 Joer gouf hien nach emol Papp mat senger neier Fra. Soss weess een éischter wéineg iwwert dem George Lucas säi Privatliewen. Hie lieft wäit ewech vun dëser Glamourwelt op enger Ranch a well en dacks vun der Filmindustrie zu Hollywood enttäuscht gouf, ass de Lucas ënnert anerem aus dem Filmverband Motion Picture Association of America ausgetrueden. Hien evitéiert ëffentlech Optrëtter a mécht kee grousst Gedauschs ëm seng Persoun. Hien ass éischter introvertéiert, roueg an zréckhalend. Seng Filmer finanzéiert de Produzent, Dréibuchauteur a Regisseur gréisstendeels komplett selwer. Dat war natierlech an de 1960er nach net sou, wéi hie seng éischte Studenten- an Dokumentarfilmer wéi ''Herbie'', e Film iwwert den Herbie Hancock oder ''American Graffiti'' 1973 realiséiert hat

Kleng hat de Lucas ugefaangen, den éischte Star wars Film hat hien nach an engem klengen Team an enger Garage gebastelt, an d'Geschicht tëscht gutt a béis sollt 1977 den Nerv vun de Kinogänger treffen an dorobber konnt den Lucas säi Star wars-Imperium opbauen. Nodeems hien 2012 dëst an aner Hänn ginn hat, dierf ee sech op e ganz klenge ''Retour'' e bëssi freeën, well wéi schéngt, soll sech de Realisateur J.J. Abrams vu Star wars 7, beim Schreiwe vum neie Script vu Star wars 9 dach vum Lucas e bëssi hëllefe gelooss hunn. Am Dezember vun dësem Joer kréie mir d'Resultat ze gesinn. Mä sou oder sou, Star wars wäert fir ëmmer an éiweg mam George Lucas verbonne bleiwen.

Och op sengem 75. Gebuertsdag wäert den entretemps komplett ergroten George Lucas am karéierten Hiem an a senge wäissen Turnschlappe verbréngen. Dat ass nämlech seng Liiblingstenue.