Den 21. Juli dëst Joer sinn et 50 Joer hier datt déi éischt Mënschen um Mound waren. Am ganzen hate bis elo 12 Mënschen déi Chance; all ware se amerikanesch Astronauten an hunn op hiren Apollo-Missiounen e puer Seismometeren um Mound gelooss. Mat den Date vun deemools kommen d'Fuerscher elo zu enger iwwerraschender Erkenntnis.

15/05/2019 Nei Mound-Erkenntnisser

An zwar dass de Mound och nach haut tektonesch aktiv wier, also dass de Mound sech beweegt, dorobber deit eng nei Auswäertung vu Moundbiewen aus der Ära vun den Apollo-Missiounen.
Eng aner Analyse vun der NASA seet, dass de Mound och net ophält mat méi kleng ginn. Grond fir dës Tatsaach wier, dass de Mound no an no méi kal géif ginn. Ronn 50 Meter hätt hien doduerch schonns un Duerchmiesser verluer an dat bannent e puer 100 Milliounen Joren.
Wéi de Mound virun 4,5 Milliarden Joren entstanen ass, wier seng Temperatur däitlech méi héich gewiescht. Wéi en du méi kal gouf, huet en sech zesumme gezunn. Et kéint een dat vergläiche mat enger Drauf, déi zu enger Roséng oder enger Korinte gëtt.
D'Uewerfläch vum Mound ass dobäi e puer mol opgebrach an huet Dausende vu Fielse gebillt.

Ma d'Form vum Äerdtrabant géif sech nach ëmmer veränneren an sech nach ëmmer zesummenzéien, soen d'Fuerscher vun der Smithsonian Institution zu Washington an der Fachzäitschrëft "Nature Geoscience".
Virun 10 Joer hat de d'Raumsonde "Lunar Reconnaissance Orbiter" vun der NASA relativ frësch Bréch um Mound entdeckt. Kloer war awer net, wéi dës genee entstane sinn. Nei Erkenntnisser liwweren elo d'Daten vun den Apollo-Moundmissionen 12, 14, 15 a 16 aus de 60er a 70er Joren.

Déi 4 Seismometeren, déi deemools um Mound gelooss goufen, konnten eng Rei Moundbiewen enregistréieren, déi op Asteroidenaschléi zréck ginn, ma bei anere Biewen, déi op der Äerd eng Stäerkt tëscht 2 a 5 gehat hätten, ass net kloer, wéi se zustane koumen.
D'Wëssenschaftler maachen Beweegunge vun den tektonesche Placken dofir verantwortlech; et wier wahrscheinlech, dass sech duerch d'Zesummenzéie vum Mound an der sougenannter Kuuscht Spannungen opgebaut hunn, dës hätte sech dunn an de Rëss entlueden an dës Biewe déif bannendran provozéiert.

Och wann d'Apollo-Seismometeren zanter 1977 ofgeschalt sinn, ass geologesch sou gutt wéi keng Zäit vergaangen - dofir kéint ee wierklech a Betruecht zéien, dass dës Brochzonen haut nach aktiv sinn, soen se och op Universitéit vu Maryland zu College Park.