Am 15. Jorhonnert hunn d'Inka eng Stad op 2430 Meter Héicht gebaut um Bierg Machu Picchu. Am Juli 2007 gouf d'Stad zu engem vun de 7 neie Weltwonner gewielt, nieft zum Beispill dem Taj Mahal an Indien oder dem Kollosseum zu Roum. Eng grouss Unerkennung, déi och Nodeeler mat sech bréngt. Bis zu 6000 Touristen passéieren den Ament am Duerchschnëtt pro Dag. Dat ass einfach ze vill, seet elo den peruaneschen Kulturministère, Fabienne Zwally.

15/05/2019 Ze vill Touristen um Machu Picchu