Da kënnt een owes vun der Schaff an et well ee sech gemittlech op d'Couche leeën an dann dierf eppes net feelen! Käerzen - déi kreéieren eng ganz speziell Ambiance a richen och nach gutt! Ma leider, Fabienne Zwally, sinn déi elo méi schiedlech, wéi bis elo ugeholl gouf.

16/05/2019 Ze vill Käerzen am Haus sinn ongesond

Doftkäerzen si schlecht fir eis Loft an zwar esou schlecht, dass deemno wéi vill Käerzen Dir doheem brennen hutt, d'Loftverschmotzung méi grouss ka sinn wéi bei enger Strooss, déi vill befuer gëtt. Eng Fuerscherequippe vum "Kings College" zu London huet eng Etüd duerchgefouert, fir erauszefannen, wéi mir am Alldag d'Ëmweltverschmotzung reduzéieren kënnen. Dobäi ass hinnen opgefall, dass d'Käerzen de Sécherheetswäert vun enger spezieller schiedlecher Substanz ëm dat Véierfacht iwwerschratt gouf. Riets ass vum Rouscht, dee sech an der Loft befënnt. Rouscht gehéiert zu der Gruppe vun de schiedlechen Substanzen, déi d'Loft verschmotzen an déi, de Wëssenschaftler no, bis déif an eis Longen kommen kënnen an Auswierkungen op d'Gesondheet vun eise Longen kënnen hunn.

Fir dat erauszefannen, hunn d'Wëssenschaftler 6 Fräiwëlleger ugestallt, eng Woch laang de Wäert vu Rouscht an hirem Haus ze moossen. Eng Fra aus der Grupp benotzt dacks Doftkäerzen fir sech ze entspanen an bei hir Doheem ass de Wäert vu Rouscht duerch de Plafong gaang. Schold dorunner wier, dass Doftkäerzen dacks aus dem sougenannten Paraffinwuess gemaach ginn an wann dee verbrannt gëtt, kann doduercher Rouscht entstoen.

Fir d'Fuerscher an d'Experten an der Loftqualitéit sinn dës Resultater net verwonnerlech. Et wier just un der Zäit d'Konsumenten dorobber opmierksam ze maachen. Mee wéi bei allem gëllt, et soll een näischt iwwerdreiwen. Et wéilt een d'Leit lo net dozou bréngen, ganz dorobber ze verzichten. Ma et et misst ee sech awer bewosst sinn, dass eng laangfristeg Expositioun vum Rouscht de Risiko, fir un enger déidlechen Häerz- an Longekrankheet ze stierwen, erhéicht.